Ciénaga de Zapata

Vu Wikipedia

D'Ciénaga de Zapata ass e bedeitend ekologescht Fiichtgebitt op Kuba, an der Provënz Matanzas an erstreckt sech iwwer déi ganz Hallefinsel Zapata.

Si ass vu Flëss a Lagunen duerchzunn a bitt mat senger Mangrovebëscher, rare Waasservullen a -planzen en ideale Liewensraum.

Den Ufank vun dësem Gebitt ass La Boca an der Laguna del Tesoro.

Un der Südküst läit d'Bahía de Cochinos (Schwéngsbucht) mat der Playa Larga. Südlech dovu läit d'Playa Girón.

Do sinn am Joer 1961 Exilkubaner, déi vun den USA ënnerstëtzt goufen, gelant, well si gemengt haten, Kuba wéilt sech mat hirer Hëllef vum Kommunismus befreie loossen. Un dëser Schwéngsbuchtinvasioun op Kuba, déi schif gaangen ass, erënnert de Museo de la Intervención an 48 Monumenter déi fir déi Gefalen opgeriicht goufen.