CineBelval
CineBelval ass den Numm vun engem Multiplex-Kino mat 7 Säll fir am Ganze 1506 Spectateuren am Belval Plaza 1 zu Esch-Belval, deen den 18. Dezember 2008 seng Dieren opgemaach huet.
Bedriwwe gëtt e vun der Cinebelval SA, déi zu 100% der Société civile Financière Mercure gehéiert. Wéi de Kino opgemaach huet, housch den Exploitant nach Caramba Sud SA, un där Financière Mercure zu 40,8%, Massard Participations (vum Raymond Massard) 18,4% a Multiplan (déi d'Gebai gebaut huet) zu 40,8% bedeelegt waren.[1] Multiplan huet sech uganks 2012 zréckgezunn, an am August 2012 de Massard. Direkter ass ewell de Jean Villemin.[2]
Inhaltsverzeechnes |
D'Säll [änneren]
D' Salle des premières ass dem Bedreiwer no dee gréisste Kinossall am Benelux. En huet 540 Sëtzplazen an den Ecran ass 22 m breet. En huet eng dräifach Tounverstäerkung an e roude Riddo.
D'Säll 2 an 3 hu Plaz fir iwwer 220 Leit an d'Säll 4 bis 7 bis zu 128 Plazen.
- An alle Säll si Plaze reservéiert fir Leit mat engem Rullstull, déi de Kinoskomplex vum Parking aus mat engem Lift direkt erreeche kënnen.
- All Säll si mat Digitalprojekteren austafféiert. D'Säll 1, 3, 4, a 6 hunn doriwwer eraus 35mm Filmprojekteren. Fir dräi Säll sinn 3D-Projektere virgesinn.
- All Sall, bis op dee groussen, huet eng duebel Amplificatioun an entsprécht domat der THX-Virschrëft.
- An de Säll huet all Spectateur 130 cm Plaz fir seng Been an op all Säit eng eegen Aarmstäip, en Halter fir Gedrénks an eng integréiert Kappstäip.
- Duebel "Loveseats" (vun deene Jonke "Knuutschsëtzer" genannt) erlaben et verléifte Koppelen oder Famillje mat klenge Kanner beieneen ze sëtzen ouni Aarmstäipen dertëscht.
Fir Zäit ze spuere ginn d'Billjeeën an d'Iessen an de Keese verkaaft. D'Plaze kënnen och direkt vun doheem iwwer den Internet kaaft a reservéiert ginn, an 't kann een dann ouni Billjee direkt op seng Plaz goen. All Sëtzplaz ass neemlech mat engem Sensor equipéiert, deen et erlaabt, zu all Ament ze gesinn, wat fir Fotelle reservéiert a bezuelt, a wat fir besat sinn.
Deen éischte Film [änneren]
Deen éischte Film, deen am grousse Sall gewise gouf, war dem Baz Luhrmann säin Australia mam Hugh Jackman an der Nicole Kidman. D'Feierlechkeete fir d'Ouverture haten am leschte Moment ëm een Dag misse verréckelt ginn, well mat Zäite keng gréng Luucht vun der Bauinspectioun virlouch.
No 2 Joer [änneren]
Kuerz viru sengem zweejärege Bestoe huet de CineBelval säi 500.000ste Spectateur kënne begréissen. Bannent 2 Joer sinn do 550 Filmer an am ganze méi wéi 24.000 Séancë gewise ginn.[3]
Um Spaweck [änneren]
- Caramba.lu
- «Belval, cinéma tout public», lequotidien.lu, 2008-12-15. Interview mam R. Massard fir d'Ouverture.
Referenzen [änneren]
- ↑ "La purge Massard", d'Lëtzebuerger Land 9.11.2012, Nr.45, S.8
- ↑ "Ciné Belval: Jean Villemin offiziell neien Direkter vum Kino." RTL.lu - 21.08.2012, 16:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.08.2012, 16:35.
- ↑ Caramba Magazine Movie Nr 20, Dez. 2010-Jan. 2011, S.3.