Cinque Terre
| Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi sougenannt Cinque Terre si fënnef Küstenuertschaften, déi sech an der Provënz La Spezia (Italien) ëm e Nationalpark gruppéieren, deen deselwechten Numm dréit. Direkt derbäi läit och déi vun Touriste vill besichten Hafenuertschaft Portovenere. Déi 5 Uertschaften, déi zur Cinque Terre gezielt gi, sinn: Riomaggiore, Manarola, Corniglia, Vernazza an Monterosso. Am Joer 1997 si se vun der UNESCO op d'Lëscht vun der Weltierfschaft gesat ginn.
Dës Uertschaften si vu La Spezia mat enger Regionalbunn z'erreechen. Vum Mier aus (vill Croisière-Schëffer fueren no laanscht a kommentéieren d'Landschaft) hunn d'Passagéier eng wonnerbar Vue op déi gebiergeg, ofgeschlosse Géigend.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Déi 5 Uertschaften
[änneren] Monterosso
Monterosso läit ganz am Westen an ass am schwéiersten iwwert de sougenmannte Bloe Pad zougänglech. D'Olivebeem, d'Wéngerten an d'Plagen ronderëm droen zum gaaschtfrëndlechen Charakter vu Monterosso bäi. Kuckeswäert ass de mëttelalterlechen Tuerm Aurora an déi räich Konschtschätz an der Kierch San Francesco.
[änneren] Vernazza
Vernazza, e Fëscherhafe mat Traditioun, gouf schonn ëm d'Joer 1000 gegrënnt. Vill, ënnert anerem d'Architektur, d'Portalen an d'Planzepied, weist drop hin, datt et vun de 5 Uertschaften déi war, déi de gréisste Wuelstand erreecht hat.
[änneren] Corniglia
Corniglia läit op engem Fielshang beim Mier a kuckt op en Dall mat Wéngerten erof. D'Landwirtschaft huet dëser Uertschaft hire Cachet opgedréckt. D'Bauweis ass déi vun engem mëttelalterlechen Duerf. Der Parkierch San Piedro hiren Ursprong geet op 1334 zréck an et ass derwäert datt een se besiche geet.
[änneren] Manarola
Manarola läit héich um Fiels um Rand vun enger Bucht, déi e protégéierten Hafen huet. Déi gothesch Parkierch aus dem Joer 1338 ass kuckeswäert.
[änneren] Riomaggiore
Riomaggiore ass déi Uertschaft déi am wäitsten am Oste läit a wéi mat engem Baukasten gebaut ass. Obschonn Riomaggiore säin ursprüngleche Charakter net verluer huet ass et haut e vill besichten Touristenzenter.
[änneren] Uertschaften ronderëm
- Bonassola
- Levanto
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- Offiziell Touristesäit iwwer d'Cinque Terre (däitsch)
- Unesco Weltierfschaftslëscht (franséisch)
- Kuckt d'Foto an d'Kaart vu Riomaggiore
- Kuckt d'Foto an d'Kaart vun Corniglia
| Commons: Cinque Terre – Biller, Videoen oder Audiodateien |