Circuit auto-pédestre
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Depart vum Autopedester vu Schengen
E Circuit auto-pédestre ass e Wanderwee zu Lëtzebuerg dee vum Tourismusministär ënnerhale gëtt. Et ginn 201 där Wanderpied am Land. D'Iddi ass, datt ee mam Auto op eng Plaz fiert, wou den Depart ass, an och do erëm, no engem Tour tëscht 4 a 16 km, ukënnt.
[änneren] Markéierung
- Véiereckeg blo Panneaue mat wäisser Schrëft markéieren den Depart vun all Auto-pedester-Circuit.
- D'Schëltercher mat bloem Dräieck op wäissem Fong stinn a regelméissegen Ofstänn laanscht d'Auto-pedester-Tier. Si weisen d'Nummer vum Wee un (schwaarz Ziffer 1 oder 2 op dem bloen Dräieck) an och d'Richtung, an déi de Wee virugeet (ob no lénks oder riets).
[änneren] Literatur
- Circuits Auto-pédestres - 201 Randonnées sélectionnées au Grand-Duché. Luxembour, Editions Guy Binsfeld. ISBN 978-2-87954-185-3.