Cispadanesch Republik

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fändel vun der Cispadanescher Republik.

De 16. Oktober 1796 huet de General Bonaparte zu Modena d'Cispadanesch Republik (fr. : République cispadane), eng Schwësterrepublik vu Frankräich, ausgeruff. Dës Republik gouf et bis zum 27. Juni 1797, bis si mat der Transpadanescher Republik zesummen d'Cisalpinesch Republik ginn ass.

Nodeem de Bonaparte den 10. Abrëll 1796 an Italien agefall war, hunn d'franséisch Truppen d'Lombardei ageholl, a grad sou gutt éisträichesch Stied wéi z. B. Mantua, wéi och peepstlech Stied (Bologna, Ferrara) besat. Am Hierscht 1796 goufen och d'Ierfschaftsterritoire vum Haus Este vun de Fransouse besat, Modena, Reggio nell'Emilia, a Massa-Carrara.

Lues awer sécher goufe lokal Republiken ausgeruff, zum Beispill d'Bolognesesch Republik.

De 15. Oktober 1796 hu sech d'Territoire südlech vum Po, (Modena, Bologna, Ferrara a Reggio) an enger cispadanescher Konfederatioun zesummefonnt, déi inoffiziell vum Napoléonënnerstëtzt gouf, well hien huet d'Situatioun an Italien misse stabiliséieren, fir nei Truppen op d'Been ze stellen, an Éisträich unzegräifen. Dës Konfederatioun gouf an eng Republik ëmgewandelt a krut den 19. Mäerz 1797 eng eege Konstitutioun. Schonn den 30. Januar 1797 huet sech den Territoire vun der Republik op Garfagnana erweidert, den 19. Februar koum d'Romagna dobäi.

Eng zivil Garde gouf op d'Bee gestallt, déi virun allem aus Artillerie bestanen huet. De 7. Januar 1797 huet de Kongress an der Sala del Tricolore zu Reggio decidéiert, e Gouvernement op d'Been ze stellen. Als Fändel gouf eng Tricolore erausgesicht mat den horizontale Sträife Rout, Wäiss a Gréng. Am Zentrum war e Lorbeerkranz souwéi véier Feiler fir déi véier Provënzen, aus deenen d'Republik entstanen ass.

Rév-fran0.jpg Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.
Commons: Repubblica Cispadana – Biller, Videoen oder Audiodateien