Cité judiciaire
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Cité judiciaire steet um Helleg-Geescht-Plateau an der Stad Lëtzebuerg. An hir sinn eng Partie Justizinstanzen a Justizverwaltungen ënnerbruecht.
D'Iddi ass 1991 entstanen, wéi de Regierungsrot de Bauteministère beoptragt huet, en neie Justizpalais um Helleg-Geescht-Plateau ze plangen. 1993 gouf d'Iddi vun engem Justizpalais fale gelooss zugonschte vun enger ganzer Cité aus aacht Gebaier, mat dem Zil, eng besser Integratioun an der Uewerstad z'erreechen.
An de Joren dono huet en Desaccord tëscht dem Staat an der Stad Lëtzebuerg den Ufank vun de Bauaarbechte schleefe gelooss. Et goung dobäi ë.a. ëm de Site selwer (d'Stad huet eng Zäit laang déi iwwerdeckelt Zuchsgleisen zu Bouneweeg virgezunn), d'Ausgesinn (en Tuerm, dee virgesi war, gouf aus dem Projet gestrach, d'Fassaden hu missen ugeglach ginn) an den Impakt op d'Klasséierung vun der Alstad als UNESCO-Welt-Kulturierfschaft (d'Unesco huet schliisslech gréng Luucht ginn).
De Grondstee gouf 2003 vun den deemolege Regierungsmemberen Erna Hennicot-Schoepges a Luc Frieden geluecht. De Chantier hätt sollen 2006 ofgeschloss ginn, huet awer bis an déi zweet Halschecht vun 2008 gedauert. Am Juli 2008 sinn déi éischt Servicer eriwwergeplënnert; de 6. Oktober 2008 gouf d'Cité judiciaire offiziell ageweit.
Justizinstanzen an d'Cité judiciaire:
- Zentrale Sozialdéngscht
- Friddensgeriicht
- Palais vum Ieweschte Geriichtshaff
- Jugendgeriicht
- Arrondissementsgeriicht
- Parquet vum Arrondissementsgeriicht