Claude Jade

Vu Wikipedia
Claude Jade
Gebuertsnumm Claude Marcelle Jorré
Gebuer 8. Oktober 1948
Dijon
Gestuerwen 1. Dezember 2006
Boulogne-Billancourt
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Conservatoire vun Dijon
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller

D'Claude Jade (fir richteg: Claude Marcelle Jorré), gebuer den 8. Oktober 1948 zu Dijon, a gestuerwen den 1. Dezember 2006 zu Boulogne-Billancourt, war eng franséisch Schauspillerin.

De François Truffaut an d'Claude Jade 1979 op der Avant-première zu Lëtzebuerg vum Film L'amour en fuite

Mat dem Film Baisers volés vum François Truffaut geléngt der Claude Jade den Duerchbroch am Kino. Si gouf bekannt duerch d'Filmer déi si ënner dem Truffaut senger Regie gedréint huet (Domicile conjugal, L'amour en fuite). De Gérard Brach gëtt hir am Film Le bateau sur l'herbe d'Roll vun engem jonke Meedchen ouni Skrupelen, just de Géigendeel vun deem brave Meedche, dat si gewéinlech virdrun an hire Filmer gespillt huet.

Mat Regisseure wéi Édouard Molinaro (Mon oncle Benjamin), Serge Korber (Les feux de la chandeleur) a Benoît Lamy (Home sweet Home) huet d'Claude Jade sech no an no zu enger vun deene beléiftste franséische Schauspillerinnen entwéckelt. Si huet an amerikaneschen (Topaz), belschen, italieeneschen, japaneschen, däitschen a russesche Filmer matgespillt.

D'Claude Jade ass den 1. Dezember 2006 an engem Spidol un engem Retinoblastom, engem béisaartegen Aekriibs, gestuerwen.

Filmer (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Hir Memoire sinn 2004 publizéiert ginn ënner dem Titel Baisers envolés bei Milan, an der Kollektioun Essais Documents, 224 Säiten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Claude Jade – Biller, Videoen oder Audiodateien