Claude Meisch (Biolog)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Biolog Claude Meisch. Fir de Politiker, kuckt wgl. Claude Meisch (Politiker).
Claude Meisch
Gebuer 13. August 1949
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Universitéit vu Stroossbuerg
Aktivitéit Biolog, Zoolog, Enseignant
Member vun Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal

De Claude Meisch, gebuer den 13. August 1949 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Biolog.

Hien ass den Auteur vun enger ganzer Rei vu wëssenschaftleche Publikatiounen am Beräich vun der Zoologie, haaptsächlech iwwer Muschelkriibsen (Ostrakoden, wëssenschaftlech Ostracoda).

De Claude Meisch ass wëssenschaftleche Mataarbechter vum Naturmusée a vum Institut royal des sciences naturelles de Belgique. Hien ass Membre effectif vum Institut grand-ducal, section des sciences.

Vun 1985 bis 2003 war hie President a vun 2003 un ass hien Éierepresident vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL). Zanter 1985 ass hien éischte Redakter fir d'Publikatioun vum Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois.[1]

Vum 26. Februar 2013 bis den 28. Februar 2015 war de Claude Meisch President an duerno bis haut Vize-President vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur vun Natur&ëmwelt.[2],[3],[4][5]

Studien a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No der Primärschoul zu Mamer a senger Première am Stater Kolléisch huet de Claude Meisch Biologie op de Cours supérieurs zu Lëtzebuerg (1968-1969) an duerno op der Universitéit Louis-Pasteur zu Stroossbuerg (1969-1972) studéiert a mat engem diplôme de maîtrise de biologie animale ofgeschloss.

Vun 1972 bis 1974 huet hie säi Stage pédagogique am Escher Jongelycée gemaach, wou hie bis 1980 enseignéiert huet. 1980 gouf hien an de Stater Kolléisch genannt, wou hie bis zu senger Pensionéierung am Joer 2010 Professer war.

1999 huet hien en Doktorat an de Wëssenschaften op der Katholieke Universiteit Leuven gemaach. Sujet vu senger Thes: Morphologie, Evolutioun an Taxonomie vun den Ostrakoden.[6]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2019 Meisch, C., R.J. Smith & K. Martens. A subjective global checklist of the extant non-marine Ostracoda (Crustacea). - European Journal of Taxonomy 492: 1-135.
  • 2007 Meisch, C., N. Mary-Sasal, J.-P. Colin & K. Wouters. Freshwater Ostracoda (Crustacea) collected from the islands of Futuna and Wallis, Pacific Ocean, with a check-list of the non-marine Ostracoda of the Pacific Islands. - Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 108: 89-103.
  • 2007 Meisch, C. On the origin of the putative furca of the Ostracoda (Crustacea). - Hydrobiologia 585 (1): 181-200. DOI 10.1007/s10750-007-0637-2.
  • 2005 Gerecke, R., F. Stoch, C. Meisch & I. Schrankel. Die Fauna der Quellen und des hyporheischen Interstitials in Luxemburg. Unter besonderer Berücksichtigung der Acari, Ostracoda und Copepoda. - Ferrantia. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle 41: 1-134.
  • 2000 Meisch, C. Freshwater Ostracoda of Western and Central Europe. - In J. Schwoerbel and P. Zwick, editors: Suesswasserfauna von Mitteleuropa 8/3. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg, Berlin. 522 pages. ISBN 3-8274-1001-0.
  • 1977 Meisch, C. Faune des Thysanoures du Grand-Duché de Luxembourg. - Archives de l'Institut Grand-Ducal de Luxembourg. Section des Sc. nat., phys. et math., 37 (1974-1976): 103-135.
  • 1978 Faber T. & C. Meisch. Bilan provisoire du recensement des populations de chauves-souris au Grand-Duché de Luxembourg. - Bulletin du Centre de baguement et de recherche cheiroptérologique de Belgique, 5: 68-73.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Bulletin de la SNL 123, S. 2.
  2. Roby Biwer und Claude Meisch neue Präsidenten von natur&ëmwelt. Frantz Charles Muller neuer Ehrenpräsident von natur&ëmwelt. Gearchiveerd op 2013-04-30. Gekuckt de(n) 2013-03-20.
  3. Cf. Tageblatt 2013, Nr. 68 (21. Mäerz), S. 22 (Natur & Ëmwelt: Frantz Charles Muller neuer Ehrenpräsident. Roby Biwer und Claude Meisch neue Präsidenten)
  4. Raymond Schmit, 2015. Kongress von "natur&ëmwelt" in Bergem. Luxemburger Wort vum 18. Mäerz 2015, S.25.
  5. Websäit vun der Fond. Hëllef fir d'Natur
  6. Massard J.A. & G. Geimer 2015. Titel vun der Thes: Meisch, C., 1999. Taxonomy and distribution of Recent freshwater Ostracoda (Crustacea) of Europe. Part I. Evolutionary, morphologic and taxonomic studies (173 pp). Part II: Faunistic synopsis (553 pp).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]