Claude-Louis Mathieu

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Claude Louis Mathieu

De Claude-Louis Mathieu. gebuer de 25. November 1783 zu Mâcon a gestuerwen de 5. Mäerz 1875 zu Paräis war ee franséische Mathematiker an Astronom.

Dem Mathieu säin Aarbechtsgebitt war Populatiounsstatistik an Distanzbestëmmung. Vun 1817 un hat hien eng Aarbechtsplaz beim Bureau des Longitudes. Spéider gouf hie Professer am Collège de France an 1829 Professer an der École polytechnique.