Claude Dario Conter

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Literaturwëssenschaftler an Direkter vum Centre national de littérature. Fir de Lëtzebuerger Literat (gebuer 1929), kuckt wgl. Claude Conter.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Claude Dario Conter
Gebuer 31. Mäerz 1974
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Literaturwëssenschaftler, Germanist, Universitéitsprofesser

De Claude Dario Conter, gebuer den 31. Mäerz 1974 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Literaturwëssenschaftler. Hien ass zanter dem 3. Juli 2020 Direkter vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik[2].

Hien ass net ze verwiessele mam Claude Conter.

Studium[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Premièresexamen, deen hien 1993 am Lycée Michel Rodange gemaach huet, huet hien tëscht dem Wanterseminar 1993/94 an 1997/8 Germanistik a Kommunikatiounswëssenschaften op der Bamberger Universitéit an der TU Berlin studéiert.

Säi Magister Artium krut hien 1998 mat enger Aarbecht iwwer de Bruno Apitz, den Auteur vun Nackt unter Wölfen[3].

Berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1999 bis 2001 war de Claude D. Conter wëssenschaftleche Mataarbechter vum Professer Wulf Segebrecht, dem Editeur vu Fußnoten zur Literatur. No enger kuerzer Gaaschtdozentur zu Gent koum et 2003 zu der Promotioun am Fach Neuere deutsche Literaturwissenschaft mat der Dissertatioun Europa-Inszenierungen im 19. Jahrhundert. Europabilder und -ideen zwischen Wiener Kongress und Reichsgründung.

Vun 2003 bis 2006 huet hien als wëssenschaftleche Mataarbechter vum Centre national de littérature (CNL) geschafft a war - mat der Germaine Goetzinger - den Haaptauteur vum Luxemburger Autorenlexikon. Vun 2008 un war hie Conservateur am CNL a zanter Mee 2012 den Direkter vun där Institutioun[4].

De 25. Mee 2020 gouf de Claude D. Conter vum Regierungsrot als Nofollger vun der Monique Kieffer op d'Plaz vum Direkter vun der Nationalbibliothéik proposéiert. D'Joanne Goebbels, déi déi Plaz ursprénglech hätt iwwerhuele sollen, hat hir Kandidatur zeréckgezunn, nodeems eng gewësse Kontrovers géint d'Propositioun vun hirer Nominatioun entstane war[2].

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Claude Dario Conter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 2006, S. 80.
  2. 2,0 2,1 Joanne Goebbels zitt sech zréck, Claude D. Conter iwwerhëlt vum Monique Kieffer op rtl.lu 25.05.2020 18:21
  3. Conter, C. D., 1997. Bruno Apitz. Eine Werkgeschichte. Magisterarbeit, Universität Bamberg.
  4. Pressecommuniqué vum 7. Mäerz 2012 vum Kulturministère.
  5. Five Years