Claude Lahr

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Claude Lahr, gebuer[1] de 6. Februar 1962 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Realisateur vun Dokumentarfilmer.

De Claude Lahr huet seng Studien um Institut national supérieur des Arts du Spectacle (INSAS) zu Bréissel, Sektioun Réalisation et Production cinéma/tv' mat engem Diplom ofgeschloss.

Hie schafft als Regie-Assistent a Produktiounsleeder un enger Rëtsch vu belschen a franséische Filmer a Reklamms-Spotten. Zu Lëtzebuerg huet hie bis ewell zwéin Dokumentar-Laangfilmer an e puer Kuerzfiler realiséiert, souwéi och e grappvoll Reklammen.

Fir Arte huet hien 2006 en zweemol 52 Minutte laange Reportage zum Thema L'Europe de la défense gedréint.

Kuerzfilmer [änneren]

  • Les industries de l’eau (1997, 10 mn; fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Lissabon, 1998);
  • Habiter sur le Plateau de Kirchberg (6 mn, 1998, fir de Fonds d'Urbanisation et d'Aménagement du plateau de Kirchberg);
  • Portrait d'artiste: Moritz Ney (17 mn, 1999);
  • Les routes du thé (30 mn, 2001);
  • L'Europe de la défense (2 x 52 mn, 2006).
  • Les maîtres du vent (2006) - Iwwer d'Restauratioun vun der Stahlhut-Uergel an der Kierch Diddeleng.

Laangfilmer [änneren]


Kuckt och [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 237