Claude Lamort

Vu Wikipedia
Claude Lamort
Gebuer 17. Abrëll 1758
Gestuerwen 25. Januar 1821
Aktivitéit Drécker

De Claude Lamort, gebuer de 17. Abrëll 1758 zu Nanzeg a gestuerwen de 25. Januar 1821 zu Metz, war e franséischen Drécker.

Hie goung bei den Didot an d'Léier a war zanter 1784 Drécker zu Metz. Wéi de Ponce Cercelet, deen d'offiziell Dréckerei vun der franséischer Administratioun am Département des Forêts hat, 1802 opgehalen huet, koum de Lamort op Lëtzebuerg. Am Refuge Sankt Maximin (do, wou haut den Ausseministère ass), huet hie Gesetzer, Bicher an och de Journal officiel du département des Forêts gedréckt. 1811 hat hie sechs Presse fir Buchdrock, eng fir Gravuren, eng Librairie an eng Buchbënnerei.

Hie war vun 1803 u Member vun der Loge, ma huet och kathoulesch Bicher gedréckt. Ënner der hollännescher Restauratioun huet hien 1817 d'Dréckrei sengem eelste Jong Jacques Lamort iwwerlooss an ass hannescht op Metz gaangen, wou e gestuerwen ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jules Mersch: "La famille Lamort". An der Biographie nationale du pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu à nos jours. IVe fascicule, Luxembourg 1952, p. 541-580.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]