Claude Meisch (Politiker)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Claude Meisch. Fir de Biolog, kuckt w.e.g. Claude Meisch (Biolog). |
De Claude Meisch, gebuer de 27. November 1971 zu Péiteng, ass e lëtzebuergeschen DP- Politiker. Hien ass Deputéierten (zënter 1999), Buergermeeschter vun der Gemeng Déifferdeng (zënter 2002). Vun 2004 bis 2013 war hie President vun der Demokratescher Partei.
Inhaltsverzeechnes |
Säi Liewen [änneren]
No der 13ième, déi hien am Lycée technique Mathias-Adam zu Péiteng ofgeschloss huet, huet hien en Diplom als Mathematiker-Economist op der Universitéit zu Tréier gemaach. No sengem Studium huet hien als Employé op der Banque de Luxembourg geschafft. Zënter 1994 ass hien Member an der DP an tëschent 1995 an 2000 huet hien d’Fonktioune vum éischten nationale Vizepresident vun der Jeunesse démocrate et libérale (JDL) a President vun der JDL-Sektioun Déifferdeng ausgeübt.
De Claude Meisch ass Member vum Direktiounskomitee an zënter dem 10. Oktober 2004 President vun der DP.
Bei de Chamberwale vum 13. Juni 1999 ass hien op der Lëscht vun der DP am Walbezierk Süden eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt ginn. 2004 an 2009 gouf hien erëmgewielt.
Hien ass Trésorier vum Groupe parlementaire vun der Demokratescher Partei.
Den 10. Oktober 1999 ass hien an de Gemengerot vun der Stad Déifferdeng gewielt ginn a säit dem 31. Januar 2002 stellt hien an der nämmlechter Gemeng de Buergermeeschter.
Hien ass och Vizepresident vum Syndicat intercommunal de l'hôpital princesse Marie-Astrid zu Nidderkuer a Member vum Büro vum Syndicat Pro-Sud.
An der Chamber war de Claude Meisch 2004-2009 Member vun der Commission de l'éducation nationale et de la formation professionnelle, vun der Commission des finances et du budget a vun der Commission de la famille, de l'égalité des chances et de la jeunesse.
De Claude Meisch war de Spëtzekandidat vun der DP fir Chamberwale vum 7. Juni 2009 a gouf als Deputéierten erëmgewielt.[1]
Privatliewen [änneren]
Hie wunnt zu Uewerkuer an der Gemeng Déifferdeng, ass bestuet an huet e Jong.
Gielercher [änneren]
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2004)[2]
Linken a Quellen [änneren]
- CV um Site vun der Chamber
- Biographie op www.dp.lu
- Portrait vun der DP fir d'Walen 2009
- Biographie um Site vun der Stad Déifferdeng