Claude Pescatore

Vu Wikipedia
Claude Pescatore
Gebuer 20. Mee 1922
Gestuerwen 12. Abrëll 2012
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei
Famill
Papp Ferdinand Pescatore

De Claude Pescatore, gebuer als François Claude Pescatore den 20. Mee 1922 zu Lëtzebuerg[1] an do gestuerwen den 12. Abrëll 2012[2], war e lëtzebuergesche Resistenzler, Ingenieur, Manager an DP-Politiker.

Den Ingenieur an Ekonomist[änneren | Quelltext änneren]

No senger Sekundarschoul ass de Claude Pescatore 1941 am Alter vun 19 Joer an den Aarbechtsdengscht agezunn a méi spéit an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert ginn.

Nom Krich huet hien zu Grenoble studéiert an ass 1947 als diploméierten Elektro-Ingenieur bei der ARBED agestallt ginn. Do huet hien et fir d'éischt bis zum Chef de service vum Stolwierk Belval bruecht, duerno gouf hie successiv Direkter vun de Schmelze vu Belval respektiv Déifferdeng. Vun 1972 u war hien Directeur général adjoint an der Haaptverwaltung vun der ARBED.

No 1984 huet de Claude Pescatore seng Carrière an der Wirtschaft fortgesat. Hie war laang Jore President vum Crédit Européen a vun der Société des Foires Internationales de Luxembourg (F.I.L.). An den 1980er Jore war hien och zäitweileg am Verwaltungsrot vum Lëtzebuerger Journal. Hie war vun 1953 bis 2011 Member vum Verwaltungsrot vun der Fondation J. P. Pescatore.

De Claude Pescatore war Membre correspondant vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal.[3]

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1979 bis 1984[4] war de Claude Pescatore als DP-Deputéierten aus dem Bezierk Zentrum an der Chamber. Vun 1981 bis 1984 war hien och Member vum Stater Gemengerot.

De Resistenzler[änneren | Quelltext änneren]

De Claude Pescatore ass 1941 Member gi vum Lëtzebuerger Fräiheetsbond an 1997 huet en d'Presidentschaft dovun iwwerholl.

Hie war säit hirer Grënnung 1944 Member vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzler. Vun 1997 bis 2007 war e President vun der Unioun an ass spéider zum Éierepresident ernannt ginn. Fir säin Asaz fir d'Heemecht an der Besatzungszäit ass e mat der Médaille de la Résistance ausgezeechent ginn.

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

Hie war mat der Marie-Jeanne Paulus bestuet an no där hirem Doud mat der Josette Barthel.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Éloge de Paul Metz: 1918 - 1993. - In: Archives / Institut grand-ducal de Luxembourg. Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques. - Luxembourg. - N.S. - T. XLI, 1985-1994, p. 43-48.
  • Paul Metz, 1918-1993. - In: Revue technique luxembourgeoise. - Luxembourg. - Année 85(1993), n° 4, p. 223-226.
  • Sept siècles de foires à Luxembourg: de Henri VII à l'échéance 1992. - [Luxembourg]: Crédit européen, [1990], Luxembourg, Impr. Centrale. - 24 p. (Notes économiques et financières ; 11).
  • De Henri VII à l'échéance 1992: sept siècles de foires à Luxembourg. - In: d'Letzeburger Land. - Luxembourg. - Jg. 36(1989), Nr. 20, dossier 7[8]/89.
  • Le client face aux produits bancaires. - In: d'Letzeburger Land. - Luxembourg. - Jg. 33(1986), Nr. 10, dossier 6/86.
  • 30 ans de révolution bancaire: la monnaie électronique remplace la monnaie scripturale. - Luxembourg: Crédit européen, 1985, [Luxembourg], Offset Saint-Paul. - 51 p. (Notes économiques et financières ; 8).
  • L'ingénieur confronté au modèle social luxembourgeois. - In: Revue technique luxembourgeoise. - Luxembourg. - Année 72(1980), n° 1, p. 3-10.
  • L'informatique industrielle à l'Arbed. - In: Revue technique luxembourgeoise. - Luxembourg. - Année 64(1972), n° 2, p. 70-81.
  • Datenerfassung mit einem Digitalrechner in einem Blasstahlwerk. - In: Stahl und Eisen. - 88. Jg.(14. November 1968), Nr. 23, p. 1297-1302.
  • Collecte des données à l'aciérie Ld-Ac d'Arbed Esch-Belval à l'aide d'un calculateur numérique. - In: Revue technique luxembourgeoise. - Luxembourg. - Année 60(1968), n° 3, p. 117-127.
  • Data logging by means of a digital computer at the Arbed Ld-Ac steelplant in Esch-Belval. - In: Centre national de Recherches métallurgiques. Metallurgical Reports. Bruxelles. - N° 15, 1968, pp. 39–49..
  • L'aciérie Ld-Ac d'Arbed Esch-Belval. - In: Revue technique luxembourgeoise. - Luxembourg. - Année 58(1966), n° 4, p. 173-182 (zesumme mam Jean Jung).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 2012. Nekrologie: Claude Pescatore verstorben. Lëtzebuerger Journal 2012, Nr. 74 (14./15. Abrëll), S. 2.
  • Anonym, 2012. Claude Pescatore †. Luxemburger Wort 2012, Nr. 90 (16. April), S. 16.
  • Schiltz, M., 2012. In memoriam Claude Pescatore (20.5.1922-12.4.2012). Luxemburger Wort 2012, Nr. 96 (23. April), S. 51.
  • Hausemer, G., 2006. Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg, 479 S. (Pescatore, Claude: S. 333).
  • Wehenkel, A., 2002. Chronique de la famille Pescatore. Une histoire généalogique et culturelle. Luxembourg, Association Luxembourgeoise de Généalogie et d'Héraldique, 336 p. (Claude Pescatore: S. 196).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt Nr. 234/1922 vun der Gemeng Lëtzebuerg
  2. Luxemburger Wort 2012, Nr. 89 (14. Abrëll), S. 63 (Avis mortuaires).
  3. Archives des sciences naturelles, physiques et mathématiques, NS 46, 2011, S. 46.
  4. Member vun der Chamber vum 24.7.1979 bis den 31.1.1984. Luxemburger Wort 2012, Nr. 91 (17. Abrëll), S. 43 (Avis mortuaires).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Tageblatt.lu: Claude Pescatore gestorben. Veröffentlicht am 13. April 2012. [1]
  • Wort.lu: Claude Pescatore ist tot. Veröffentlicht am 14.04.12. [2]