Claude Rich

Vu Wikipedia
Claude Rich
Gebuertsnumm Claude Robert Rich
Gebuer 8. Februar 1929
Stroossbuerg
Gestuerwen 20. Juli 2017
Orgeval
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Conservatoire national supérieur d'art dramatique,
Cours Simon
Aktivitéit Schauspiller, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Dramatiker
Famill
Bestuet mat Catherine Rich
Kanner Delphine Rich
De Claude Rich 2013

De Claude Rich, gebuer den 8. Februar 1929 zu Stroossbuerg a gestuerwen den 20. Juli 2017 zu Orgeval, war e franséische Schauspiller.

Dem Claude Rich säin éischte Film am Joer 1955 Les grandes manœuvres, vum René Clair mat der Michèle Morgan an dem Gérard Philipe gëtt haut zu de Klassiker vum franséische Kino gezielt. Nieft populären Ënnerhalungsfilmer huet hien awer och a Filmer vu bedeitende Filmregisseure wéi Michel Deville, Claude Chabrol, Jean Renoir, René Clément an Alain Resnais matgespillt. Am Film Le souper (1992) vum Édouard Molinaro mam Michel Piccoli a Claude Brasseur huet hien den Talleyrand gespillt an hie krut fir déi Roll den César als beschten Haaptacteur.

Nieft sengen iwwer 120 TV- a Kinosfilmer huet hien awer ni opgehalen am Theater opzetrieden.

De 26. Juni 1959 huet hie sech mat der Catherine Renaudin bestuet.

Zu Masevaux am Elsass droen e Kino an eng Konschtgalerie dem Claude Rich säin Numm.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1955 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 1999[änneren | Quelltext änneren]

vun 2000 bis 2009[änneren | Quelltext änneren]

vun 2010 bis 2017[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1993: César als beschten Haaptduersteller am Film Le souper
  • 2003: César fir seng Schauspillercarrière

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Claude Rich – Biller, Videoen oder Audiodateien