Claude Turmes

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Claude Turmes

De Claude Turmes, gebuer de 26. November 1960 zu Dikrech, ass e lëtzebuergeschen déi gréng- Politiker.

No sengem Lycée huet hien 1983 eng Licence a Sporterzéiung zu Louvain-la-Neuve gemaach an ass 1986 Turnprofesser ginn.

Säin Intressi gëllt awer och dem Ëmweltberäich: Zanter 1989 ass en am Mouvement écologique aktiv. Tëscht 1995 an 1997 war hie Sekretär vu Friends of the Earth Europe, enger Daachorganisatioun vun Ëmweltorganisatiounen. Säi Schwéierpunktthema ass d'Energiepolitik. Sou war en tëscht 1995 an 1997 Vizepresident vun EUFORES, enger NRO, déi sech fir erneierbar Energien an Europa asetzt. Hie war och zäitweileg President vun der Energiekommissioun vun der Stad Esch-Uelzecht.

Politesch engagéiert de Claude Turmes sech an der Partei déi Gréng, op där hirer Lëscht en 1999 an d'Europäescht Parlament (EP) gewielt gouf. 2002 gouf de Claude Turmes zum Vizepresident vun der Fraktioun déi Gréng/Fräi Europäesch Allianz am EP. Hien ass 2004, 2009 an 2014[1] dohin erëmgewielt ginn.

Dem Claude Turmes seng Schwéierpunkten nieft dem Ëmweltberäich si Sozialpolitik an d'Auswierkunge vun der Globaliséierung.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Claude Turmes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]