Claudine Funck-Brentano

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Claudine Funck-Brentano
Gebuer 6. Oktober 1863
Lëtzebuerg
Gestuerwen 21. August 1922
Montfermeil
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller
Famill
Papp Théophile Funck-Brentano
Mamm Sophie Brentano
Geschwëster Frantz Funck-Brentano

D'Claudine Funck-Brentano, gebuer 1863 zu Lëtzebuerg a gestuerwen den 21. August 1922 zu Montfermeil, war eng Dichterin an Iwwersetzerin.

No 1870 huet d'Claudine Funck-Brentano mat hirem Papp, dem Théophile Funck-Brentano an hirem Brudder, dem Frantz Funck-Brentano, Lëtzebuerg verlooss, fir a Frankräich ze plënneren.

Iwwer hir Mamm ass si d'Niess vum Clemens Brentano, deen zesumme mam Achim von Armin tëscht 1805 an 1808 d'Volleksliddsammlung Des Knaben Wunderhorn publizéiert hat.

D'Claudine Funck-Brentano huet Gedichter geschriwwen, déi eppes Mystesches u sech hunn. Ausserdeem huet si dem belschen Auteur Maurice Maeterlinck säin Trauerspill Aglavaine et Sélysette op Däitsch iwwersat.