Claudine Muno

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Claudine Muno, gebuer den 2. Juli 1979, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin, Musekerin a Journalistin.

[änneren] Biographesches

D'Claudine Muno

No hirer Première um Fieldgen studéiert d'Claudine Muno Geschicht an Anglistik um Centre universitaire zu Lëtzebuerg an op der Universitéit Stroossbuerg. Si mécht hir Maîtrise iwwer Lëtzbuerger Filmer iwwer den Zweete Weltkrich. Si schafft als fräi Mataarbechterin beim Wort a beim Télécran, an dann als Kulturredaktesch bei der Woxx.

Scho mat 16 Joer huet d'Claudine Muno hiren éischte Roman, The Moon of the Big Winds (op Englesch) geschriwwen. Et koume bis ewell véier Romaner (op Franséisch, Däitsch an déi zwéi lescht op Lëtzebuergesch), an zwee Kannerbicher no.

D'Claudine Muno ass och am Theater aktiv, wou se d'Stéck Speck geschriwwen a komponéiert huet, an huet och Regieassistenz gemaach. Och als Sängerin a Komponistin ass se aktiv. Si huet, meeschtens zesumme mat hirer Band The Lunaboots bis ewell fënnef CDen erausginn.

D'Claudine Muno enseignéiert am Neie Lycée wou se an der Sectioun Musique mat zwee anere Leit aus der Band The Luna Boots mat de Kanner Musek mécht. Si huet eng eege Band mat de Schüler gegrënnt, an där si Gittar spillt.

[änneren] Auszeechnungen

[änneren] Bibliographie

D'Claudine Muno mat de Luna Boots, am Abrëll 2010.

[änneren] Discographie

  • Muno, Claudine, 1998. Fish out of Water. Maxi-CD. Op der Lay, Esch-Sauer.
  • Claudine Muno and The Luna Boots, 2004. faith + love + death. Maskénada, Lëtzebuerg.
  • Claudine Muno and The Luna Boots, 2006. Monsters. Op der Lay, Esch-Sauer (13 Lidder op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch)
  • Claudine Muno and The Luna Boots, 2007. Petites chansons méchantes. Green l.f.ant Records, Bréissel.
  • Claudine Muno and The Luna Boots, 2010. Noctambul. Green l.f.ant Records, Bréissel.
  • Claudine Muno and The Luna Boots, 2011. Carmagnoles (Compilatioun)

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen