Clausen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Luxembourg geo stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Clausen
An anere
Sproochen:
fr: Clausen
de: Clausen
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Lëtzebuerg
Gemeng: Blason ville lu Luxembourg-ville.svg Lëtzebuerg
Buergermeeschter: Xavier Bettel (DP)
Awunner Uertschaft: 886
(2001)
Koordinaten: 49° 46' 48" N
06° 08' 36" O
Lag vu Clausen an der Gemeng Lëtzebuerg
Lag vu Clausen an der Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaften - Gemengen - Stied
D'Bréck iwwert d'Uelzecht a Clausen

Clausen ass eng Uertschaft an e Quartier an der Stad Lëtzebuerg, an der Ënnerstad, am Uelzechtdall, um Fouss vum Kierchbierg-Plateau. Den Numm Clausen[1] kënnt vun der Klaus, déi op där Plaz stung, wou de Péiter Ernest I. vu Mansfeld d'Schlass La Fontaine baue gelooss hat.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Kuckeswärtes

[änneren] D'Mansfeld-Schlass

Do hat de Péiter Ernest vu Mansfeld säi Schlass La Fontaine, vun deem haut awer just nach zwou Paarten erhale sinn. Well d'Gemeng Lëtzebuerg 2003 op der Plaz, op där d'Schlass stoung, eng Schoul wollt bauen koum et zu archeologeschen Noutgruewungen, déi et sollten erméiglechen, méi iwwer d'Schlass an de Gaart gewuer ze ginn. D'Schoul gëtt net wäit dovun ewech gebaut, an de Musée fiert mat den Ausgruewunge weider.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schlass La Fontaine Nuvola apps xmag.png

[änneren] Den ale jiddesche Kierfecht

Nieft der Stroossekéier beim Malakoff-Tuerm läit den ale jiddesche Kierfecht, deen am Ament net zougänglech ass, well d'Stäipmauer plazeweis noginn huet.

[änneren] Den däitschen Zaldotekierfecht

Um däitschen Zaldotekierfecht an der Jules-Wilhelm-Strooss si Griewer vun 1813 bis zum Zweete Weltkrich.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Däitschen Zaldotekierfecht a Clausen Nuvola apps xmag.png

[änneren] D'Gebuertshaus vum Robert Schuman

Nërdlech vun der Kunigundekierch, am Hank erop op de Kierchbierg, steet d'Gebuertshaus vum Robert Schuman. Haut ass do e Fuerschungszentrum dran.

[änneren] Kunigundekierch

D'Clausener Kierch ass der Helleger Kunigunde dediéiert.


[änneren] Literatur

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Clausen – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Billergalerie

[änneren] Referenzen

  1. Et gëtt och d'Schreifweis "Klausen".
Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
Aner Sproochen