Clearstream

Vu Wikipedia

D'Clearstream Banking S.A. ass eng Depot- a Clearinggesellschaft, déi am Joer 2000 aus der Fusioun vun der "Deutsche Börse Clearing AG" (virdrun "Deutscher Kassenverein AG") an "Cedel International" entstanen ass. Se huet hire Sëtz zu Lëtzebuerg. Si ass haut eng honnertprozenteg Duechter vun der Deutsche Börse AG.

Zu hiren Aufgaben zielen d'Versuerge vu Wäertpabeieren (Custody), d'Ofwécklung vu Wäertpabeiertransaktiounen (Settlement) souwéi Méiwäertdéngschtleeschtungen, wéi d'Verwaltung vun hannerluechte Sécherheeten (Collateral Management) an d'Vermëttlung vu Wäertpabeierprêten zur Erhéijung vun der Settlement-Effizienz.

D'Gesellschaft gouf an der Folleg vun e puer Daewoo-Fabréckschléissungen am Joer 2000 a Loutrengen Géigestand vun zwéin Ënnersuchungsausschëss vun der franséischer Nationalversammlung a vum Europäesche Parlament. An der selwechter Zäit huet de Geschäftsféirer gewiesselt (1990-2001: André Lussi; zanter 2001: André Roelants - virdru bei der Dexia BIL.

Bei Clearstream ginn am Konnenoptrag Wäertpabeieren am Wäert vu 7,3 Billiounen Euro verwalt an all Joer iwwer 60 Milliounen Transaktioune mat engem totalen Transfervolume vun ongeféier 10 Billiounen Euro ofgewéckelt (Stand Enn 2003).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Loader, David: Clearing, Settlement and Custody. Operations Management Series. 2002, ISBN 0-7506-5484-8
  • Thiollet, Jean-Pierre, Beau linge et argent sale - Fraude fiscale internationale et blanchiment des capitaux, 2002.ISBN 2 914571178
  • Weiss, David M.: Global Securities Processing: The Markets, The Products. 1997, ISBN 0-13-323965-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]