Clemens Krauss

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Clemens Krauss

De Clemens Krauss, gebuer den 31. Mäerz 1893 zu Wien, a gestuerwen de 16. Mee 1954 zu Mexiko-Stad, war en éisträicheschen Dirigent. Hie war mat der rumänescher Sopranistin Viorica Ursuleac bestuet.

De Clemens Krauss war de Jong vun der Clementine Krauss, enger Schauspillerin a Sängerin. Mat aacht Joer gëtt e Member vun de "Wiener Sängerknaben". Seng Musekstudie mécht en op der Wiener Musikakademie bei dem Richard Heuberger an dem Hermann Graedener. 1912 fänkt hien als Chouerchef an der Oper zu Brno un. Vun 1913-1914 ass e schonn Orchesterchef am däitschen Theater zu Riga, 1915-1916 zu Nürnberg, 1916-1921 zu Stettin an 1921 zu Graz. Vun 1922 bis 1924 dirigéiert hien ofwiesselnd mam Franz Schalk an der Wiener Staatsoper. Do léiert de Krauss de Richard Strauss kennen. Déi zwéi Männer bleiwen zäitliewens frëndschaftlech verbonnen. 1924 trëtt de Krauss d'Successioun vum Ernst Lert un de Städtische Bühnen Frankfurt am Main un; hie gëtt Intendant. Mä 1929 geet et erëm op Wien; do gëtt hie Musikdirektor. 1935 ass en zu Berlin an derselwechter Funktioun. 1937 gëtt hien zu München Generalmusikdirektor.

Nom Krich kritt e bis 1947 wéinst senger Astellung géintiwwer den Nazie verbueden ze dirigéieren. Duerno reorganiséiert hien de Mozarteum zu Salzburg komplett nei a gëtt Coursen op der Wiener Musikhochschule bis 1951, ier en zréck op Wien geet.

1933 dirigéiert hien Der Ring des Niebelungen an de Parsifal zu Bayreuth.

D'Traditioun vun den Neujahrskonzerte gouf 1939 zu Wien vum Krauss agefouert. Mat Ausnam vun 1946 an 1947 huet hie se dirigéiert bis zu sengem Liewensenn.

CD-Tuyauen[änneren | Quelltext änneren]

  • Historische Neujahrskonzerte, Wiener Philharmoniker, Dirigent: Clemens Krauss PREISER mono 90336, dës Duebel-CD gëtt mat 28 Titelen eng gutt Iwwersiicht, wéi de Krauss déi labber Musek ugepakt huet.
  • Richard Wagner: Der Ring des Niebelungen, FOYER 15-CF2011, op 15 CDen dem Krauss seng Bayreuther Opféierung vun 1953, mam Hans Hotter als Wotan.