Clementine (Sond)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Clementine (Äerdmoundsond)
Missiounszil Äerdmound
Optraggiewer US-Verdeedegungsministère
Drorakéit Titan 23G
Startmass 424 kg (inklusiv Dreifstoff)
Startdatum 25. Januar 1994
Startramp Vandenberg Air Force Base
Enddatum 14. Mai 1994
D'Clementine virum Start

Clementine war eng US-amerikanesch Raumsond, déi 1994 den Äerdmound ausgefuerscht hat.

Inhaltsverzeechnes

Missioun [änneren]

Mat der Sond Clementine déi vum Naval Research Laboratory gebaut gouf, wollt de Verdeedegungsministère vun de Vereenegte Staaten eng nei Generatioun vu Kameraen, Solarzellen an aner Instrumenter testen. Als Zilobjet gouf de Mound ausgewielt. Zënter dem Explorer 49 am Joer 1973 hat keng US-Sond méi de Mound ugeflunn. Mat engem Swing-by-Manöver beim Mound sollt d'Sond spéider aus dem Äerdschwéierfeld katapultéiert ginn an den Asteroid (1620) Geographos erfuerschen. Fir déi Missioun huet den US-Verteedeigungsministère dann d'Weltraumagentur National Aeronautics and Space Administration mat u Bord geholl. Och Systemer aus Frankräich ware vertrueden. DSond hat 80 Milliounen US-Dollar kascht an hat e Gewiicht vu 424 kg.

Verlaf [änneren]

D'Clementine ass de 25. Januar 1994 mat enger Titan 23G gestart. D'Clementine war déi éischt Raumsond, déi vun der Vandenberg Air Force Base a Kalifornien gestart gouf. Si hat den 19. Februar eng polar Ëmlafbunn ëm den Äerdmound erreecht. D'Sond hat bis Mee ronn 95% vun der Mounduewerfläch kartéiert (am Ganze ronn 1,6 Milliounen Eenzelbiller). Duerch eng Computerpann koum et de 7. Mee zum Ofbroch vun der Missioun zum Asteroid (1620) Geographos. Déi feelerhaft Dreifwierkzündung hat d'Sond an eng Eegerotatioun vun 80 Ëmdréiunge pro Minutt versat. Duerno gouf d'Sond op eng Bunn ëm d'Äerd gefouert, fir e puer Instrumenter am Fluch duerch d'Van-Allen-Ceinture ze ënnersichen. Am Juni 1994 hat d'Sond dann hiren Déngscht versot.

Resultater [änneren]

Niewent de ville Fotoen hu besonnesch 1996 publizéiert Hiweiser op Waasseräis um Moundsüdpol fir Interessi an der Fuerschung gesuergt. Déi Hiweiser ware mat Hëllef vu Radarmiessunge festgestallt ginn. Si gouf als sou bedeitend aklasséiert, datt eng weider Sond fir op de Mound ënnert dem Numm Lunar Prospector bei der NASA virgeschloen a bewëllegt gouf.

Kuckt och [änneren]

Literatur [änneren]

  • Ben Bussey, Paul Spudis : The Clementine atlas of the moon. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2003, ISBN 0-521-81528-2

Um Spaweck [änneren]