Cleurie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Cleurie
Blason cleurie.svg
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason Lorraine.svg Loutrengen
Departement Blason département fr Vosges.svg Vosges
Arrondissement Épinal
Kanton Remiremont
Code Insee 88109
Postcode 88120
Koordinaten 48° 03' 06" N
06° 40' 36" O
Fläch Uertschaft  1 104 ha
Bevëlkerung Uertschaft  669 (1999)

Cleurie ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Vosges, an der Regioun Loutrengen.

Si läit am Dall vun der Baach mat demselwechten Numm op enger Héicht tëscht 416 an 819 Meter.

Zu Cleurie gëtt et eng Piste fir Seefekëschtecourssen ze maachen. D'Piste ass 1 200 Meter laang, huet 5 Kéieren, a geet op där Streck 150 Meter biergof. Am Joer 2006 goufen do déi franséisch Landesmeeschterschaften gefuer.

Cleurie ass eng vun de franséische Gemengen déi keng Kierch huet.

Den éischten Numm vu Cleurie war "Les Arrentés de Cleurie". Dat koum dohier well déi éischt Awunner duerch d'Bezuele vun enger Rent, d'Konzessioune vum Terrain kruten, deen se defrichéiert hunn, an duerno Landwirtschaft drop bedriwwen hunn.

Nopeschgemengen [änneren]

Kuriéieses [änneren]

  • D'Zyklopemauer vu Lamberfaing
  • D'Fielsewunnengen
  • De Point de vue op der Tête de la Charmotte op 819 Meter.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Cleurie – Biller, Videoen oder Audiodateien