Cliffhanger

Vu Wikipedia

Cliffhanger bezeechent eng Erzieltechnik, déi dora besteet, e Kapitel oder e Feuilleton vun engem (Fortsetzungs-)roman, enger Bande-dessinée oder enger Televisiounsserie mat enger Zeen opzehalen, wou ee Personnage, meeschtens den Haaptpersonnage, an enger dramatescher Situatioun ass, aus där et scheinbar keen Auswee gëtt, oder wou eng Revelatioun gemaach gëtt, déi d'Geschicht, wéi se bis dohi war, op d'Kopp geheit.

D'Technik, esou eng Spannung ze provozéieren, gëtt virun allem agesat, fir de Lieser oder Spectateur bei der Staang ze halen an en ze motivéieren, sech d'Zeitung oder Zäitschrëft mat der nächster Episod ze kafen, respektiv déi nächst Episod ze kucken, well e virwëtzeg ass, wéi d'Geschicht virugeet.

Den Ausdrock geet op d'Bild zeréck, wou e Personnage op enger Fielswand iwwer engem Ofgrond hänkt, an et ausgesäit, wéi wann en all Moment eroffale kéint.