Clinique privée Dr E.-Bohler

Vu Wikipedia

D'Clinique privée Dr Émile-Bohler ass eng Privatklinick, déi am Kader vum Centre hospitalier du Kirchberg gefouert gëtt. Si ass an der Gynekologie an an der Gebuertshëllef spezialiséiert.

1956 huet den Dokter Emile Bohler, Spezialist an der Chirurgie générale an an der Gynekologie, seng eege privat Klinick an engem Gebai op der Areler Strooss an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt. D'Klinick hat eng Capacitéit vu 45 Better.

Zanter 2006 ass d'Klinick an engem Gebai um Kierchbierg an d'Gebai op der Areler Strooss nieft dem Waassertuerm gouf an der Tëschenzäit ewechgerappt.

D'Clinique privée Dr-Émile-Bohler steet zanter dem 22. Juni 1989 um Plan hospitalier als Institution spécialisée en gynécologie et obstétrique an huet 68[1] Better.

Bis den 31. Dezember 2005 hat d'Klinick, déi vun der Famill gesteiert gëtt, 150 Mataarbechter an eng Ekipp vu 24 Dokteren an der Medezin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Archivéiert op 2011-11-11. Gekuckt de(n) 2011-10-05.