Closer (Film 2004)

Vu Wikipedia
Closer
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 2004
Première 3. Dezember 2004
Dauer 104 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Mike Nichols
Dréibuch Patrick Marber
Fotografie Stephen Goldblatt
Musek Liam Howlett
Schnëtt John Bloom
Costumedesign Ann Roth
Produzent Celia D. Costas
Produktiouns-
gesellschaft
Columbia Pictures
Schauspiller
Jude Law
Julia Roberts
Clive Owen
Natalie Portman
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Closer ass en US-amerikanesche Film vum Mike Nichols aus dem Joer 2004.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De ganze Film besteet eigentlech nëmmen aus véier Personnagen, dem Dan (Jude Law), en erfolleglose Schrëftsteller deen Doudesannoncen an enger Zeitung schreift, dem Alice (Natalie Portman), eng Stripperin vu New York, dem Anna (Julia Roberts), enger Fotografin, an dem Larry (Clive Owen), engem Dokter. Den Dan an d'Alice léiere sech kennen, wéi d'Alice direkt am Ufank vum Film ugestouss gëtt, an den Dan hatt an d'Spidol bréngt. De Film spullt d'Zäit dann zwee Joer no vir a mir mierken, datt déi zwee zanterhier eng Koppel sinn. Alles kéint wonnerschéi sinn, wier do net d'Anna, eng Fotografin, déi Portaitsopname vum Dan maache soll, a bei där den Dan probéiert ze landen. D'Anna selwer ass och an enger Bezéiung, a wëll u sech net weider drop agoen, mä et kënnt wéi ëmmer alles anescht wéi een et geplangt huet, a schlussendlech huet iergendwéi jiddwereen eppes mat jiddwerengem, wat nëmmen zu engem onmoossege Bezéiungschaos féiere kann.

De Film baséiert um Theaterstéck mam selwechten Numm, an den Dréibuchauteur vum Theaterstéck huet och d'Dréibuch fir de Film geschriwwen.

Triviales[änneren | Quelltext änneren]

  • Eigentlech war d'Cate Blanchett fir d'Roll vum Anna virgesinn, mä well si schwanger ginn ass, huet si missen ofsoen.
  • Am Theaterstéck spillt de Clive Owen d'Roll vum Dan. Am Film konnt hien dofir emol an d'Roll vu sengem Kontrahent Larry krauchen.

Zitater[änneren | Quelltext änneren]

Dës ausgewielt Zitater gehéieren zu den harmlosen aus dem Film, deen e staarke sexuelle Language huet, an dofir ass de Film zu Lëtzebuerg och eréischt vu 14 u fräiginn.

  • Larry: What do you want from me? I've given you all my money! - Alice: Thank you.
  • Anna: Don't stop loving me. I can see it draining out of you. It meant nothing. If you love me, you'll forgive me.
  • Larry: You don't know the first thing about love because you don't understand compromise.
  • Dan: What's so great about the truth? Try lying for a change - it's the currency of the world.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Golden Globe fir de Clive Owen als Best Performance by an Actor in a Supporting Role in a Motion Picture.
  • Golden Globe fir d'Natalie Portman als Best Performance by an Actress in a Supporting Role in a Motion Picture.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]