Cloudcroft Observatoire

Vu Wikipedia
D'Gebai vum Observatoire am Lincoln National Forest op enger Héicht vun 2751m

De Cloudcroft Observatoire ass ass en astronomeschen Observatoire an der Géigend vun der Stad Cloudcroft am US-Bundesstaat New Mexico, deen ëm 1962 opgeriicht gouf. Zënterhir gouf e vu verschiddenen Organisatiounen ënner stänneg verännertem Numm mat ënnerschiddlechen Teleskopen an Ziler bedriwwen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Cloudcroft Electro-Optical Research Facility[änneren | Quelltext änneren]

Den Observatoire gouf am Joer 1962 vun der U.S. Air Force gegrënnt an duerno vum Air Force Avionics Laboratory (AFAL) bis 1982 bedriwwen a benotzt. Am sougenannten Electro-Optical Surveillance Telescope (EOST) gouf vun 1964 un mat engem 1,22 m-Newton-Teleskop mat enger dräiachseger, Azimuth-Montéierung geschafft. Den AFAL huet do bis 1975 eng Space Object Identification (SOI) duerchgefouert. Duerno gouf d'Ariichtung der USAF Space and Missile Systems Organization (SAMSO) iwwerginn, haaptsächlech fir Zäitvariatioune vu planetareschen Objeten a Stären z'ënnersichen a blouf bis 1982 a Betrib. Enn vun den 1980er gouf d'Teleskop dunn an den Table Mountain Observatory vum Jet Propulsion Laboratory verluecht.

NASA Orbital Debris Observatory[änneren | Quelltext änneren]

3 m-Flëssegspigelteleskop. An enger Schuel, déi mat 10 Ëmdréiunge pro Minutt dréint ass flëssegt Quecksëlwer, dat sou duerch Wiesselwierkung vu Schwéierkraaft an Zentrifugalkraaft e Spigel a Parabolidform bilt deen op de Zenith ausgeriicht ass.
Fotoe vum Flëssegspigelteleskop

Vun 1995 bis 2002 hat d'NASA den Observatoire iwwerholl an huet en 3 m-Flëssegspigelteleskop installéiert, fir domat no Weltraumschrott ze sichen. Den Observatoire gouf dorophin NASA Orbital Debris Observatory ëmgenannt. Mat enger Rei vu Schmuelbandfiltere goufen zudeem Galaxien mat moderater kosmologescher Routverrécklung am Siichtfeld vum Teleskop ënnersicht. Deeler vum Teleskop goufe spéider am Large Zenith Telescope weidergebraucht. D'Sich no Weltraumschrott gëtt vun der NASA op anerer Plaz weidergefouert, beispillsweis mam 1,3 m-MCAT[1] op dem Kwajalein-Atoll an dem Curtis Schmidt-Teleskop am Cerro Tololo Inter-American Observatory. [2]

Den Observatoire hat am Zäitraum vun 19972001 en 32 cm-Schmidt-Teleskop, dat och fir Weltraumschrottobservatioune agesat gouf.

Cloudcroft Facility[änneren | Quelltext änneren]

Duerno gouf d'Ariichtung Privatbesëtz vun der Firma Tzec Maun Foundation. Am Haaptgebai ass en 1 m-Ritchey-Chrétien-Teleskop ënnerbruecht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

7

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mulrooney, M.; Hickson, P.; Stansbery, Eugene G.: Orbital Debris Detection and Tracking Strategies for the NASA/AFRL Meter Class Autonomous Telescope (MCAT)
  2. NASA: Orbital Debris: Optical Measurements