Cocktail

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kteatime.png Dëse Gedrénksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Cocktail ass e Gedrénks, dat aus e puer meeschtens alkoholesche Substanzen zesummegemëscht gëtt.

An engem Cocktail fënnt ee gewéinlech eng oder méi Zorte Liqueur, do derbäi aner Liewensmëttel fir Goût ze ginn, wéi Uebst oder Uebstjus, Zocker, Mëllech oder Rahm, Gewierzer, asw. Bis an d'1970er Jore ware Cocktailer meeschtens op Basis vun Gin, Whiskey oder Rum, a méi rar Wodka. Zënter den 1980er Joren ass Wodka déi meeschtgebrauchte Grondsubstanz fir gemëscht Gedrénks. Och Gedrénks mat Kuelesaier - Spruddelwaasser oder Tonic - gëtt gären a Cocktailer gemëscht.

Den Numm Cocktail heescht op Englesch Hunneschwanz. Et ginn eng sëlleche Versich, d'Etymologie vum Numm z'erklären: Sou kéint dës Bezeechnung doroper zréckzeféiere sinn, datt entweder d'Schwanzplomme vun Hunnen an déi éischt Cocktailer gestach goufen, oder awer och op e Gemësch aus Absinth a Whisky, dat zu New Orleans zervéiert gouf a coquetier - Eeërbecher, genannt gouf. Als aner Erklärung gëtt gesot e kéim aus der Zäit vum amerikaneschen Onofhängegkeetskrich, wéi d'Madame Washington, wëll alles rar war, bei enger Rezeptioun e Gemësch vu Jusen an Alkohol an engem Glas, garnéiert mat enger Hunneplomm zervéiert huet, an de Lafayette, wéi en dat gesinn huet gesot soll hunn Oh, a Coq-tail, well himm dat englescht Wuert fir Hunn net direkt agefall ass.

Commons: Cocktails – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen