Code de la route (Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Code de la Route (Lëtzebuerg))
De lëtzebuergesche Code de la route, wéi mer en haut kennen, ass eng Weiderentwécklung vun engem Gesetz iwwer d'Reglementatioun vun dem Verkéier vu Vehikelen egal waaterenger Zort op den ëffentleche Weeër, vum 10. Juni 1932.
Dat Gesetz hat eng grouss Revisioun 1955.
Wëll de Verkéier an d'Technik ëmmer méi komplizéiert gi sinn, hu vun do un d'Upassungen an d'Ëmännerungen ee Kopplabunz nom anere geschlo.
De Code de la route wéi et en haut gëtt, ass an engem Texte coordonné zesummegefaasst an déi lescht Ännerung war den 1. Juni 2009.