Codenumm Melusina

Vu Wikipedia

Codenumm Melusina ass eng Kriminalerzielung op Lëtzebuergesch vun de lëtzebuergeschen Auteuren Annemarie Kohn a Pierre Heinen, déi 2013 bei Éditions Schortgen erauskoum.

Ëm wat geet et an der Erzielung?[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vun de Bommenattentater 1984-86 ass ee Kriminalfall an dofir ass dës Erzielung a Form vun enger Dokumentatioun mat fiktive Personnagen an Detailer.

Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

D'Personnagen hunn alleguer Codenimm: Melusina, Siggy, Dicks a Reenert. Bei deenen dräi éischte schéngt et sech ëm Gendaarmen ze handelen, beim Reenert, dem 'Ingenieur', ass dat net sou sécher.

Déi véier kréien hir Uerdere vum 'Mann um Telefon'. Dat soll ee vu ganz uewe sinn.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Personnage Melusina ass den Ech-Erzieler vum Codenumm Melusina. D'Geschicht ass net vill méi, wéi eng chronologesch Schilderung vun den Attentater aus der Perspektiv vun de fiktiven Täter. Dat ass déi eenzeg Originalitéit vun der Erzielung.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kohn, Annemarie & Heinen, Pierre (2013). Codenumm Melusina. Esch/Alz.: Éditions Schortgen 83 S. ISBN 978-2-87953-182-3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]