Codex Aureus Epternacensis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Prachtaband vum Codex.
Detail aus dem Elfebeen-Relief um Aband (Facsimile-Editioun).
Eng mat Gold geschriwwe Säit (Fol. 24 3).
Ukënnegung, d'Maria beim Elisabeth, d'Schéifer beim neigebuerene Jesus, D'Dräi Kinneke beim Herodes (Fol. 18 verso).

De Codex Aureus Epternacensis, och Evangeliar vun Iechternach, ass e Meeschterwierk vun der mëttelalterlecher Buchmolkonscht.

En ass tëscht 1030 an 1050 am Skriptorium vum Klouschter vun Iechternach entstanen. De Prunkdeckel war e Cadeau vun der Keeserin Theophanu (gest. 991) an hirem Jong Otto III. (983-1002) fir déi Iechternacher Benediktinerabtei.

D'Pateren hunn doropshin eng Evangelien-Handschrëft geschafen. Dës Handschrëft hieft sech vun deenen aneren of, déi zu där Zäit zu Iechternach gemaach goufen, virun allem duerch déi räichhalteg Illustratioune vun Zeenen aus dem Liewe vu Christus.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Text ass op Pergament geschriwwen a mat Initialen dekoréiert. D'Blieder sinn 445 x 310 mm grouss.

Fir d'éischt kënnt eng Virried vum Hieronymus un de Poopst Damasus. Den Hieronymus hat am 4. Joerhonnert d'Reiefolleg vun de véier Evangelie festgesat. Da kënnt eng aner Virried, déi explizéiert, wéi d'Kanontafelen ze gebrauche sinn. Déi Tafelen erméiglechen et, ze kucken, wat fir Partien bei deene verschiddenen Evangelisten iwwereneestëmmen.

Da kommen déi véier Evangelien. Virun all Evangelium, dat textgenee erëmgi gëtt, ass e Bild vum Evangelist, deen als Schreiwer duergestallt ass. Op am Ganze 16 Säite sinn a jee dräi Sträifen, déi ënnerenee stinn, iwwer honnert Eenzelbiller gemoolt. Besonnesch ervirzehiewe sinn déi Säiten, op deenen den Text mat Goldtënt geschriwwen as (dohier den Numm). De Bildrand ass mat Purpur gefierft. All Biller spigelen d'Liewen am Mëttelalter ërem a sinn domat eng wichteg Quell, fir ze wëssen, wéi d'Leit gelieft hunn. Op de '"Riddos"-Säite si gemoolten Imitatioune vu byzantinesche Seidestëfter ze gesinn.

Um viischten Deckel, deen üppeg mat Edelsteng dekoréiert ass, gesäit een, op Goldblech, déi zwéi Stëfter: lénks ënnen de jonke Kinnek a spéidere Keeser Otto III., riets ënne seng Mamm, d'Keeserin Theofanu. An deenen anere Goldpartieë sinn déi véier Paradäisflëss an d'Symboler vun de véier Evangelisten ze gesinn. Op der lénkser Säit stinn d'Muttergottes, déi helleg Willibrord a Benedikt, an op der rietser den hellege Péitrus, de Bonifatius an de Liudger. D'Relief aus Elfebeen, an der Mëtt vum Deckel, weist de Jesus um Kräiz, gedroe vun der Äerd.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Codex gouf bis zu der Franséischer Revolutioun am Klouschter Iechternach versuergt. Wéi d'Klouschter 1795/1796 opgeléist gouf, ass d'Buch iwwer Mainz op Erfurt bruecht ginn. 1801 huet den Ernst II. vu Sachsen-Gotha-Altenburg de Codex kaaft. E gouf do Deel vun der Bibliothéik vum Schlass Friedenstein, zu Gotha. 1928 gouf et an eng Stëftung integréiert, d' Herzog von Sachsen-Coburg-Gotha'sche Stiftung für Kunst und Wissenschaft. 1945 gouf d'Evangeliebuch, mat anere Konschgéigestänn vun der Famill vum Herzog op Coburg bruecht.[1]

De Codex Aureus stoung 1955 zum Verkaf. D'Lëtzebuerger Regierung konnt oder wollt deemools net déi gefroten Zomm opbréngen, sou datt en den 9. Mee 1955 fir 1,5 Millioun D-Mark vum Germanisches Nationalmuseum vun Nürnberg opkaaft gouf, wou en haut ze gesinn ass.

Zu Lëtzebuerg gëtt et e puer Exemplare vun der Facsimile-Editioun. Eent dovu kann een am Iechternacher Abteismusée bewonneren. Sujeten aus dem Codex goufen als Käpperchesmotiver benotzt.

Faksimile[änneren | Quelltext änneren]

  • Rainer Kahsnitz (Ed.): Das goldene Evangelienbuch von Echternach. Codex Aureus Epternacensis Hs 156142 aus dem Germanischen Nationalmuseum Nürnberg, 1982, S. Fischer-Verlag an Zesummenaarbecht mam Verlag Müller und Schindle

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Katharina Bierbrauer: "Codex Aureus Epternacensis", in: Lexikon des Mittelalters, Band 2, München 2003, Spléck 2200-2201
  • Hardo Hilg: Die Handschriften des Germanischen Nationalmuseums, Nürnberg. Die lateinischen mittelalterlichen Handschriften: Teil 2. Hs 22922-198390, Anhang, Wiesbaden 1986, Seiten 123-126
  • Rainer Kahsnitz; Ursula Mende; Elisabeth Rücker (Hgg.): Das goldene Evangelienbuch von Echternach: eine Prunkhandschrift des 11. Jahrhunderts; [anlässlich der Ausstellung Codex Aureus Epternacensis, das goldene Evangelienbuch von Echternach, eine mittelalterliche Handschrift und ihr Faksimile im Theodor-Heuss-Bau des Germanischen Nationalmuseums Nürnberg vom 10. Juli bis 29. August 1982], Frankfurt am Main 1982 I
  • Peter Metz: Das Goldene Evangelienbuch von Echternach im Germanischen National-Museum zu Nürnberg, München 1956
  • Egon Verheyen: Das goldene Evangelienbuch von Echternach, (= Bibliothek des Germanischen Nationalmuseums Nürnberg zur deutschen Kunst- und Kulturgeschichte; Band 22), München 1963
  • Ingo F. Walther; Norbert Wolf: Codices illustres. Die schönsten illuminierten Handschriften der Welt. 400 bis 1600, Köln u.a. 2001
  • Grebe, Anja: Codex Aureus. Das goldene Evangelienbuch von Echternach. Darmstadt 2007. Offizielle Katalog fir d'Ausstellung am GNM 22. November 2007-24. Februar 2008.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Codex Aureus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]