Codex Aureus Escorialensis

Vu Wikipedia
Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dedicasse-Bild

De Codex Aureus Escorialensis, och Speyerer Evangeliar, gouf am 11. Joerhonnert am Benediktinerklouschter vun der Iechternacher Abtei geschriwwen a gemoolt. En ass haut an der Real Biblioteca de San Lorenzo de El Escorial ze bewonneren.

D'Gëllen Evangeliebuch aus El Escorial, ee vun deene schéinste Codices aus der karolengescher Zäit gouf fir de Keeser Heinrich III. gemaach. E besteet aus 340 Säiten an enthält eng Sammlung vun de véier Evangelien. Wéi säin Numm et seet (aureus = gëllen) si grouss Partien aus rengem Gold geschriwwen.

Den Text vun den Evangelien ass op zwou Kolonne verdeelt. D'Schrëft ass zimmlech grouss a ganz harmonesch, ouni siichtbar Korrekturen. De Codex zeechent sech aus duerch e ganze Koup Rummen an Dekoratiounen. Am schéinst sinn déi Säiten, op deenen d'Evangelisten ze gesi sinn, an déi éischt Wierder vun hiren Evangelien.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Codex Aureus of Speyer – Biller, Videoen oder Audiodateien