Codex Mariendalensis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eng Säit aus dem Codex mariendalensis

De Codex Mariendalensis (kuerz M genannt) ass eng spéitmëttelalterlech Handschrëft mat enger Dichtung vu bal 6.000 Versen iwwert d'Liewe vun der Yolanda vu Veianen. D'Handschrëft ass ongeféier vun 1320, d'Dichtung selwer ass knapps zwanzeg Joer méi al. Den Dichter ass héichstwahrscheinlech den Dominikanerbrudder Hermann vu Veldenz, deen d'Heldin vu sengem Epos wuel nach perséinlech kannt huet. Säi Wierk ass esouwuel eng Hellegevita wéi och en Heldenepos: den Auteur verzielt doranner d'Liewen- a Leidensgeschicht vun der jonker Prinzessin Yolanda, där hire gréisste Wonsch et ass, an d'Klouschter Mariendall antrieden ze dierfen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Sproochwëssenschaftlech Bedeitung

Dat Besonnescht un deem Wierk ass, datt et net, wéi et deemools Gewunnecht war fir eng Hellegevita, op Latäin geschriwwe gouf, mee op Muselfränkesch, dem Virleefer vum haitege Lëtzebuergesch. Et ass domadder déi eenzeg bekannte muselfränkesch Dichtung aus dem Mëttelalter, wat och seng grouss sproochwëssenschaftlech Bedeitung erkläert.

[änneren] D'Geschicht vum Codex

De Codex Mariendalensis, deen déi eelsten a wahrscheinlech eenzeg erhalen handgeschriwwen Ofschrëft vum Brudder Hermann senger Dichtung ass, huet laang Zäit als verscholle gegolt. Et gouf ugeholl, datt si am Zweete Weltkrich vun den däitschen Zaldote matgeholl gouf, wéi déi d'Bibliothéik vum Schlass vun Aansebuerg, wou de Codex gelagert war, geplëmmt hunn.

Am November 1999 huet de lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler Guy Berg sech am Kader vun dem Fuerschungsprojet Language and Culture in Medieval Luxembourg (LaCuMeL) op d'Sich nom Codex gemaach, an huet en och no laangem Beméien an der Bibliothéik vun Aansebuerg erëmfonnt, wou e vertässelt gi war. D'Handschrëft selwer war erstaunlech gutt erhalen, just bei zwou Säite feelt e klengt Stéck vun engem Vers.

Enn 2008 huet de Lëtzebuerger Staat de Codex, zesumme mat 3.000 Bänn aus der Bibliothéik an dem Privatarchiv vum Grof vun Aansebuerg, fir 3,1 Milliounen Euro opkaf.[1] E gouf am Mäerz 2009 bei enger Ausstellung am Nationalarchiv eng éischte Kéier der Ëffentlechkeet gewisen.[2]

Nodeems aus dem Projet vun enger kritescher Texteditioun wéinst Meenungsdifferenzen tëscht den Auteuren näischt gi war, gouf d'Universtiéit Tréier dermat chargéiert, d'Wierk auszewäerten. D'Germanistin Claudine Moulin huet eng éischte Kéier den Text originalgetrei, mat de geneeë Schrëftzeechen, editéiert an 2010 (datéiert 2009) an der Publicatiounsserie vum IGD-LEO publizéiert.[3]

[änneren] Literatur

  • Bruder Hermann von Veldenz: Leben der Gräfin Yolanda von Vianden. Textgetreue Edition des Codex Mariendalensis (Bibliothèque Nationale, Luxembourg Ms 860) von Claudine Moulin. Luxemburg: Institut Grand-Ducal - Section de Linguistique, d´Ethnologie et d´Onomastique 2009 [Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XXXVI], [Sonderforschungsreihe Language and Culture in Medieval Luxembourg (LaCuMeL) Band 5], ISBN 978-2-919910-27-4. [4]
  • Berg, Guy: "Der Codex Mariendalensis: Zu Wiederauffindung, Erschließung und Edition einer hochmittelalterlichen Handschrift aus dem Raume Luxemburg." In: Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique de l'Institut Grand-ducal (ed.): Bulletin linguistique et ethnologique, fasc. 30 (2001), S. 7-26.
  • Moulin, Claudine: "Bruder Hermanns 'Yolanda von Vianden'. Zur Erschließung und textgetreuen Edition des neuaufgefundenen Codex Mariendalensis", in: ebda, S. 39-45.
  • von Veldenz, Hermann: "Bruder Hermanns Leben der Gräfin Iolande von Vianden / mit Einl. und Anmerkungen hrsg. von John Meier". (1889) Breslau.
  • Michel Margue; Pit Péporté: "Der Codex Mariendalensis. Vom mittelalterlichen Manuskript zum Erinnerungsort." In: Aufbrüche und Vermittlungen: Beiträge zur Luxemburger und europäischen Literatur- und Kulturgeschichte. Nouveaux horizons et médiations: Contributions à l’histoire littéraire et culturelle au Luxembourg et en Europe. Herausgegeben von Claude D. Conter & Nicole Sahl. Bielefeld: Aisthetis Verlag, 2010, S.177-188.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen