Codex Sinaiticus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Codex Sinaiticus ass déi eelst Bibel vun der Welt, an där dat Neit Testament vollstänneg dran ass. E gouf an der Mëtt vum 4. Joerhonnert no Christus verfaasst. Dat ganzt Manuskript ass op der Hand an algriichescher Sprooch geschriwwen. Dat Neit Testament gouf am sougenannte koine (gr.: zesummen), geschriwwen, dem wichtegste griicheschen Dialekt, dee virun allem zu Athen geschwat gouf, an dat Aalt Testament am septuaginta, engem Dialekt vu Chrëschten, déi griichesch geschwat hunn, verfaasst.

D'Fragmenter vum Codex Sinaiticus leien am Katharine-Klouschter am Sinai (dohier kënnt och den Numm vun där Bibel), zu London, zu Sankt Petersburg an zu Leipzig.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Extrait aus dem Codex Sinaiticus

De Codex Sinaiticus gouf vu méi wéi engem Skriptor geschriwwen. Et sollen der dräi gewiescht sinn, anscheinend souguer véier. Doduerch datt all Skriptor en eegene Stil hat, konnt een erausfannen, dat dobäi e puer Leit um Wierk waren. Wat d'Phonetik vum Text ubelaangt, sinn och däitlech Ënnerscheeder a verschiddenen Deeler vum Manuskript erkennbar.

En ass nom Bierg Sinai benannt, wou d'Katharine-Klouschter läit, d'Abtei, an där d'Manuskript fir laang Zäit louch. Am 18. Joerhonnert huet de Konstantin Tischendorf Blieder a Fragmenter dovu geholl a verëffentlecht. Den Haaptdeel vum Manuskript, deen aus 347 Blieder bestoung, huet déi russech Regierung kaaft, 1933 huet sech déi Britesch Nationalbibliothéik se ugeschaf. Weider 43 Blieder ginn an der Universitéitsbiblithéik zu Leipzig versuergt, 6 Fragmenter leien zu Sankt Petersburg an de Rescht am Katharine-Klouschter.

Den 9. Mäerz 2005 hu sech déi 4 Institutiounen zesummegesat an e Kontrakt ënnerschriwwen, an deem se ausgemaach hunn, d'Bibel ze konservéieren an och de gesammten Text, deen nach existéiert, ze fotograféieren an ze verëffentlechen. Do derbäi sollt och d'Transskriptioun vum komplette Manuskript gemaach ginn.

Projet "Codex Sinaiticus"[änneren | Quelltext änneren]

Eent vun den Ziler vun de véier Institutiounen, déi Fragmenter vum Codex Sinaiticus haten, war e Faksimile dovun z'erstellen an dat ganzt Manuskript am Internet ze verëffentlechen. Fir eng virtuell Versioun vum Dokument ze schafen, goufen d'Säite fotograféiert. Wéinst der Empfindlechkeet vun den iwwer dausend Joer ale Pergamentsäiten gouf eng speziell Method ugewandt, sou datt d'Säite kee Schued dovundroe konnten. Dat war zimlech schwéier, well den Text nach ze liese sollt sinn a gläichzäiteg sollt dat natierlecht Ausgesinn vum Manuskript erhale ginn. Do derbäi däerften d'Manuskripte net hin an hir geschéckt ginn, se missten also op véier verschiddene Plaze fotograféiert ginn.
Vun all Säit gouf sou en héichqualitatiivt Digitalbild geholl, sou dat et fir jiddweree méiglech ass, sech d'Säiten mat allen Detailer unzekucken.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Codex Sinaiticus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Aland, Kurt and Aland, Barbara, The Text of the New Testament: An Introduction to the Critical Editions and to the Theory and Practice of Modern Textual Criticism, transl. Erroll F. Rhodes, Grand Rapids, Michigan: William B. Eerdmans Publishing Company (1995), p. 107-108