Coelostat

Vu Wikipedia
Jensch-Coelostat

De Coelostat ass en Hëllefsinstrument an der praktescher Astronomie.

Mat den zwéi beweegleche Spigele vum Coelostat gëtt d'Liicht vun der Sonn sou dirigéiert, datt et ëmmer an en Observatiounsinstrument fält dat fest op enger Plaz steet. Well ee bei där Method nëmmen déi zwéi Spigele beweege muss, si ganz grouss Sonnenobservatiounsanlage realiséierbar. Dat eigentlecht Observatiounsinstrument e Refrakter oder e Spigelteleskop däerf laang Brennwäiten hunn.

Eng besonnesch reusséiert Konstruktioun ass de Jensch-Coelostat. Deen no sengem Erfinder Alfred Jensch genannte Coelostat huet de Virdeel, datt de ganzen Himmel kann observéiert ginn, ouni datt sech déi béid Spigele géigesäiteg Schiet maachen. D'Astellung vun Himmelspositiounen a vun Deklinatioun a Rektaszensioun ass op déi selwecht Manéier méiglech wéi bei enger gewéinlecher Teleskopmontéierung.

Heliostaten an Siderostaten hunn déi selwecht Aufgab wéi de Coelostat. Well si awer nëmme mat engem eenzege Spigel schaffen, dréint sech d'Bild vun der Sonn an der Brennfläch vum Observatiounsinstrument.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rolf Riekher: Fernrohre und ihre Meister. 2. Auflage. Verlag Technik GmbH, Berlin 1990 S. 255 ISBN 3-341-00791-1

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie