Coffeeshop
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Coffeeshop ass eng toleréiert Verkafsplaz vu liichten Drogen (Cannabis) an Holland. Do gëtt entweder vum Besëtzer oder vun engem sou genannten Hausdealer Cannabis verkaaft.
Nach ëmmer ass zënter 1961 de Verkaf vu Cannabis duerch en Ofkommes vun der UNO illegal, mä 1976 ass vun enger Komissioun gerode ginn, d'Prioritéit vun de Polizisten nei ze definéieren, fir déi ze entlaaschten. Mat enger Reform vun engem Opium-Gesetz gouf de Verkaf vu liichten Drogen toleréiert. Vun do u gouf ënnert bestëmmte Konditiounen un enger Verfolgung vun de Konsumenten verzicht.
Regele vun engem Coffeeshop [änneren]
An engem Coffeeshop gëtt et gewësse Regelen, déi och nach AHOJG-Kriterie genannt ginnn.
- A - fir "geen affichering" wat esou vill heescht wéi keng Reklamm;
- H - fir "geen harddrugs" also kee Verkaf vun haarden Drogen, déi och net am Besëtz vun den Konsumenten dierfe sinn;
- O - fir "geen overlast" wat heescht, datt d'Noperen net dierfe gestéiert ginn;
- J - fir "geen verkoop aan jeugdigen" - an engem Coffeeshop däerf keen Dealer engem Jugendlechen ënnert 18 Joer eppes verkafen;
- G - fir "geen verkoop van grote hoeveelheden" wat hescht, datt keng grouss Quantitéite verkaaft dierfe ginn: an engem Coffeeshop däerf een net méi wéi 5g kafen.
Fir datt déi Critèren agehale ginn, kënnt d'Police regelméisseg Kontrollen an d'Coffeeshope maachen.
| Commons: Cannabis coffee shops in Amsterdam – Biller, Videoen oder Audiodateien |