Coincy (Moselle)

Vu Wikipedia
Coincy
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Metz
Kanton Pays messin
Postcode 57530
Gemengecode 57145
Koordinaten 49° 06’ 36’’ N
      06° 17’ 01’’ O
Fläch  715 ha
Bevëlkerung  310 (1999)

Coincy ass eng franséisch Gemeng am Museldepartement an der Regioun Grand Est.

Coincy läit 7 km ëstlech vu Metz. D'Awunner heesche Cogignaciens. Am Westen a Richtung Colombey, stinn d'Ruine vun enger romanescher Kapell déi dem hellege Nabor geweit ass, an eng Allee mat däitsche Griewer aus dem Krich vun 1870.

Vum Schlass dat et fréier do ginn ass, ass praktesch näischt méi Rescht.

Aus dem Duerf eraus a Richtung Aubigny steet nach e Schlass, dat gutt erhalen ass, mat engem kuckeswäerte Gaart.

D'Baach déi duerch d'Uertschaft leeft heescht Dame Jeannette.

D'Uertschaft déi bis 1918 zu Däitschland gehéiert huet war duerch eng keeserlech Ordonnanz vum 2. September 1915 a Konzich ëmgedeeft ginn. Den Numm ass awer ni gebraucht ginn, bis an der Zäit vum Zweete Weltkrich, wéi et vun den däitsche Besatzer och nach bei Montoy-Flanville geprafft gouf.

Coincy huet virun 1800 zu der Provënz vun den dräi Bistümer gehéiert.

Zu Coincy gëtt et keng Kierch.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

D'azur au pal componé d'argent et de gueules.

Kuckt och[Quelltext änneren]