Cointreau

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Cointreau

De Cointreau ass eng Spirituos a gehéiert zu den Orangëlikören.

1849 gouf di éischt Brennerei vun de Bridder Adolphe an Edouard-Jean Cointreau gegrënnt. E bësse méi spéit huet de Jong vum Edouard-Jean, den Edouard Cointreau, e klore Likör mat Arome vu batteren a séissen Orangëschuele gemaach.

De Cointreau gëtt nëmmen aus natierleche Ingredienten hiergestallt a seng Rezeptur ass geheim. D'Orangë komme vun eegene Plantagen zu Haiti an aus Spuenien. Dobäi kënnt nach neutralen Alkohol, Zocker a Waasser.

Cointreau kann ee pur drénken oder mat Äis. En ass d'Grondlag fir vill Cocktailer, wéi z.B. de Klassiker Cosmopolitan oder d'Margarita.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen