Col de la Cheminée

Vu Wikipedia

De Col de la Cheminéé ass en 925 Meter héije Col am Ain an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes.

Iwwer de Col féiert d'Departementale D31 déi den Dall vun der Albarine mat deem vum Séran verbënnt.

Et ass e Col deen net schwéier ze fueren ass. Op dem géiesten Deel tëscht Le Petit-Abergement a Jalinard huet d'Pente eng Moyenne vun 3,6 Prozent, mat op der géiester Plaz 5,8 %. Den Depart fir op de Col läit zu Le Petit-Abergement op enger Héicht vu 770 Meter an et si ronn 4,3 km ze fuere fir op d'Kopp ze kommen.