Colette Flesch
D'Colette Flesch gebuer de 16. Abrëll 1937 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch Politikerin a fréier Sportlerin.
Inhaltsverzeechnes |
Biographie [änneren]
Kandheet a Jugend [änneren]
1940 gouf d'Colette Flesch mat hirer Famill op Brive-la-Gaillarde evakuéiert, wou hire Papp kuerz drop gestuerwen ass. Mat hirer Mamm ass si eng Zäit a Frankräich bliwwen an ass och do an d'Schoul gaangen, bis si 1945 erëm zréck op Lëtzebuerg geplënnert sinn. Nodeems si um Belair an d'Pimärschoul gaange war, huet si hire Premièresexamen am Meedercherslycée an der Stad gemaach.
Während hirer Schoulzäit huet si e Schüleraustausch an d'USA gemaach, an huet sech dunn och decidéiert, do ze studéieren. Um Wellesley Women's College an op der Fletcher School of Law and Diplomacy am Massachusetts huet si Politik an Economie studéiert.
Politesch Carrière [änneren]
Vun 1964 bis 1969 war d'Colette Flesch Verwaltungsrot am Sekretariat vum Conseil vun den Europäesche Communautéiten zu Bréissel.
Am Dezember 1968 waren zu Lëtzebuerg virgezunne Walen an d'Colette Flesch gouf fir d'Demokratesch Partei an d'Chamber gewielt.
1969 waren dunn och d'Kommunalwalen, a si gouf mat nëmmen 32 Joer Buergermeeschtesch vun der Stad a blouf dat bis 1980.
Vun 1969 bis 1980 an vun 1984 bis 1989 war si Deputéiert an der Chamber. Och am Europaparlament war si tëschent 1969 an 1980, tëschent 1984 an 1985, a vun 1989 bis 1990.
D'Colette Flesch war Generalsekretärin (1976-1980) a Presidentin (1981-1989) vun der DP. Si ass och eng Zäit laang Presidentin vun der Europäescher Federatioun vun de Liberalen, Demokrateschen a Reformparteien gewiescht.
Vun 1980 bis 1984 war se an der Regierung vum Pierre Werner Vize-Premier, Ausseministesch, a Ministesch fir Aussenhandel, Kooperatioun, Wirtschaft, Kleng- a Mëttelbetriber a Justiz.
Tëschent 1990 an 1999 war d'Colette Flesch General-Direktesch an der Europäescher Kommissioun, zoustänneg fir Kultur, Kommunikatioun a Sport, duerno fir den Iwwersetzerdéngscht.
Vun 1999 bis 2004 war si nees Europa-Deputéiert. Vun 2004 bis 2009 war si Deputéiert an der Chamber.
Vum 1. Januar 1988 bis den 31. Dezember 1999 war si Conseiller vun der Stad Lëtzebuerg an duerno war si do Schäffin. 2007 huet si dat Mandat un d'Lydie Polfer ofginn.
Sportlech Carrière [änneren]
An de 60er Jore war d'Colette Flesch eng erfollegräich Fechterin. Si war e puermol Landesmeeschterin an huet Lëtzebuerg dräimol op den Olympesche Spiller vertrueden: 1960 zu Roum, 1964 zu Tokyo an 1968 zu Mexico Stad. Si gouf 1967 lëtzebuergesch Sportlerin vum Joer.
Si war och Generalsekretärin a Presidentin vun der Fédération luxembourgeoise d'escrime a Member vum lëtzebuergeschen Olympesche Comité.
Privatliewen [änneren]
D'Colette Flesch ass "gepacst" an huet keng Kanner.
Si huet den Éierendoktortitel vun der Tufts University a vun der Miami University (Ohio) an de Vereenegte Staate vun Amerika.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Colette Flesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Portrait um Site vum EP
- CV vun dem Conseil National des Femmes du Luxembourg
- Portrait vun der DP fir d'Wale 2009
- Resultater vum Colette Flesch op den Olympesche Spiller
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Politiker
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Europadeputéierten
- Demokratesch Partei
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
| Virgänger: Paul Wilwertz |
Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg 1970- 1980 |
Nofolger: Camille Polfer |
| Virdrun | Duerno | |
| Sylvie Hülsemann | 1967 | Sylvie Hülsemann |
- Lëtzebuergesch Olympioniken
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Ausseministere vu Lëtzebuerg
- Justizministere vu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Lëtzebuergesch Europadeputéiert
- Buergermeeschtere vun der Stad Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Fechter
- Gebuer 1937
- Europäesch Kommissioun
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
- Lëtzebuergesch Buergermeeschteren