Colin Clark
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Colin Clark, gebuer den 2. November 1905, a gestuerwen de 4. September 1989, war en engleschen Economist.
Hien huet op der Universitéit Cambridge (1931-1937) dozéiert an duerno bis 1952 an England an an Australien, wou en als Beroder bei deenen zwou Regierunge geschafft huet. De Colin Clark huet eng Rei vu Bicher geschriwwen, an dobei ëmwälzend Theorien ëntwéckelt am Zesummenhank mat der Economie an der Statistik. Hie war den éischten, deen de Brutosozialprodukt (BSP), an net de Bruttoinlandsprodukt (BIP) als Moossstaf vu sengen Aarbechte benotzt huet. Am bekanntste sinn iewer seng Wuesstumstheorien. Mat sengem Buch The conditions of Economic Progress (1940, Nodrock 1982) ass him hei een Duerchbroch gelongen.
Fir de wirtschaftlëche Fortschrëtt an engem Land sécherzestellen, muss et, no him, zu enger Verlagerung vun der aktiver Bevëlkerung aus dem Primären (Akerbau a Biergbau) an de Sekundären (Industrie) an duerno an den Tertiäre Wirtschaftssektor (Handel an aner Servicer) kommen. De Jean Fourastié huet spéider déi Théorie nach preziséiert an ausgebaut.
[änneren] Säi Wierk
- Colin Clark: The conditions of of Economic Progress, (1940, repr. 1982)
- Colin Clark huet ee wesentlechen Beitrag geleescht zur: The Columbia encyclopedia, New York: Columbia University Press,lescht Versioun 2004

