Collaboration: Nazification?

Vu Wikipedia

Collaboration: Nazification? Le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise war den Numm vun engem internationale Colloque, deen am Mee 2006 am Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster ofgehale gouf. E war organiséiert vun de Lëtzebuerger Nationalarchiven an dem CEGES, dem Centre d'études et de documentation Guerre et Sociétés contemporaines vu Bréissel.

D'Kollaboratioun mam Nazioccupant konnt do fir d'éischt Kéier vu lëtzebuergeschen Historiker an hire Kolleegen aus den Nopeschlänner zesummen analyséiert a verglach ginn.

Ëm wat et gaangen ass[änneren | Quelltext änneren]

De Colloque hat e puer Haaptthemaen:

  • D'Specificitéit vum Grand-duché an den däitschen Occupatiouns- an Annexiounsvirstellungen
  • D'Legalitéit an d'Legitimitéit vun enger Occupatioun.
  • Wie waren d'Collaborateuren?
  • Wat waren de Collaborateuren hir Motiver an hir Ideologien?
  • D'Ekonomie ënner der däitscher Occupatioun: Koum et zu enger ekonomescher Kollaboratioun?
  • Wéi ass d'Nokrichsgesellschaft mat der Kollaboratioun eens ginn?

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Collaboration: nazification? - le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise, erausgi vun de Lëtzebuerger Nationalarchiven, eng 1.Oplo vu 400 war séier vergraff; 2008 koum am Dezember eng zweet Oplo vu 400 eraus, déi iwwerschafft a verbessert war. Am Buch si 17 Texter vu lëtzebuergeschen an auslänneschen Historiker, déi um Colloque mat debäi waren.
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.