Columba (Stärebild)
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Dauf |
| Laténgeschen Numm | Columba |
| Laténgesche Genitiv | Columbae |
| Laténgesch Ofkierzung | Col |
| Positioun | südlechen Himmel |
| Rektaszensioun | 5h 03m bis 6h 40m |
| Deklinatioun | -27°05´ bis -43°05´ |
| Fläch | 270 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 41° Nord bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
nëmmen deelweis |
| Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
1 |
| Hellste Stär, Gréisst |
α Columbae (Phakt) 2,65m |
| Meteorstréim | - |
| Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Lepus Caelum Sculptor Puppis Canis Minor |
D'Dauf, laténgesch Columba ass e Stärebild um Südhimmel.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
D'Stärebild Columba ass en onopfällegt Bild. Et läit ënnert dem Stärebild Lepus a besteet aus enger Rei vu Stären, déi zickzackeg leien. Ee vun de Stären erreecht déi 2. Gréissteklass. Am Stärebild Columba ass den Antapex vun eisem Sonnesystem. D'Sonn mat hire Planéite beweegt sech, relativ zu eise Nopeschstären, mat 20 km/s vun dësem „Punkt“ ewech.
Um Wanterhimmel huet d'Columba ëm Hallefnuecht hir héchste Positioun. Nëmmen déi nërdlechst Stäre vun dësem Bild kucken iwwert de Südhorizont.
Geschicht [änneren]
D'Columba gehéiert zu den dräi neie Stärebiller, déi den holläneschen Astronom an Theolog Petrus Plancius am 17. Joerhonnert agefouert huet.
D'Columba soll de Vull duerstellen, deen dem Jason a sengen Argonauten de Wee duerch déi geféierlech Klippe vum Bosporus gewisen huet.
Himmelsobjeten [änneren]
Stären [änneren]
| B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gràisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| α | Phakt, Phact, Phaet | 2,65m | 268 | B7 IV | |
| β | Wezn, Wazn | 3,12m | 86 | K2 III | |
| δ | Ghusn al Zaitun | 3,85m | 237 | G7 II | |
| ε | 3,86m | 277 | K1 IIIa | ||
| η | 3,96m | 531 | K0 III | ||
| γ | 4,36m | 854 | B2.5 IV | ||
| κ | Al Kurud | 4,37m | 183 | G8 II | |
| ο | 4,81m | 110 | KO/K1 III/IV | ||
| λ | Tsze | 4,88m | 342 | B5 V | |
| ξ | 4,97m | 328 | K1 III | ||
| θ | Al Kurud | 5,00m | 762 | B8 IV | |
| μ Columbae | 5,18m | 1300 | O9.5 V | ||
| ν2 | 5,28m | 139 | F5 V | ||
| π2 | 5,50m | 261 | A0 V | ||
| σ | 5,52m | 1460 | F2 III | ||
| 72 | 5,65m | 1080 | B2 V | ||
| ν1 | 6,15m | 145 | F0 IV | ||
| π1 | 6,15m | 322 | Am |
De β Columbae, läit 86 Liichtjoer vun eis ewech an ass e giele Stär mat der Spektralklass K2. Den Numm Wezn oder Wazn ass arabesch a bedeit „Gewiicht“.
De Stär μ Columbae gehéiert mat dem AE Aurigae an dem 53 Arietis zu de Runaway-Stären; allen dräi Stäre beweege sech mat héijer Vitesse vun der Orion-Assoziatioun ewech, aus där si viru ronn 2,5 Millioune Joer erausgeschleidert goufen.
Duebelstären [änneren]
| System | Gréissten | Ofstand |
|---|---|---|
| α | 2,7m/12m | 13,5" |
Den α Columbae, den hellste Stär an der Columba, ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 268 Liichtjoer. Den arabeschen Numm „Phakt“ leet sech wahrscheinlech vun al-fakhita, „d'Dauf“, of.
NGC-Objeten [änneren]
| NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|
| 1851 | 7,1m | Kugelstärekoup |
De Kugelstärekoup NGC 1851 ass ronn 40.000 Liichtjoer vun eis ewech. Dësen Objet gouf am Joer 1828 vum James Dunlop entdeckt.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Columba (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |