Coma-Superkoup
De Coma-Superkoup ass eng riseg Struktur vu villen dausend Galaxien, déi a a Richtung Stärebiller Coma Berenices a Leo steet.
An de leschte Joerzéngten hunn d'Astronomen a Kosmologen eng ganz Partie Superkéip entdeckt, déi déi gréissten am Weltraum bekannte Strukturen duerstellen. Si spille fir d'Erfuerschung vun der Raumstruktur an der Entwécklung vum Weltall zënter dem Urknall eng grouss Roll.
De Groussdeel vum Coma-Superkoup besteet aus den zwéi Galaxiëkéip Abell 1656 an Abell 1367 (no dem Astronom George Ogden Abell vum Mount Palomar a sengem Spezial-Katalog) genannt.
Si ginn an der Astronomie awer meeschtens als Coma- resp. Leo-Galaxiëkoup bezeechent a stinn ongeféier 310 an 290 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Déi béid "Cluster" (engl.) vu Coma a Leo sinn duerch eng "Bréck" vu Galaxië matenee verbonnen.
All Galaxien- a Superkéip hunn och grouss Iwwerschëss vun donkler Matière a vill Radioquellen. Weider gi si – wéi och aner astronomesch Strukturen – vun engem dënne Gas duerchdrongen, dat sech duerch seng vill Millioune Grad waarm Temperatur a Form vu Röntgenstralung bemierkbar mécht.
Den Noper um Himmel, de fënnefmol méi noe Virgo-Galaxiëkoup am Stärebild Virgo ass och Bestanddeel vun engem Superkoup (Virgo-Superkoup), zu deem och eis Mëllechstrooss an hir "Lokal Grupp" gehéiert. Vill Galaxiëfuerscher deiten dës zwou Groussstrukturen als zesummenhängend, well si duerch eng laang Galaxiëbréck a Form vun engem Filament mateneen a Verbindung stoen dierften.