Comino
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Comino ass mat 3 km² déi klengste vun de bewunnten Inselen vun der Republik Malta. Do wunnen nëmmen dräi Malteser op engem Bauerenhaff.
Et ginn do e puer schéi Sandplagen, dorënner och déi Blo Lagun.
Comino läit tëscht den zwou Inselen Malta a Gozo an ass mat der Fähr z'erreechen.
| Commons: Comino – Biller, Videoen oder Audiodateien |