Comité vun de Regiounen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Sëtz vum Comité vun de Regiounen zu Bréissel

De Comité vun de Regiounen, deen duerch de Maastricht-Traité geschafe gouf, besteet aus 222 Representante vu regionalen a lokale Kierperschaften, déi vun den EU-Memberstaate proposéiert a vum Conseil vun der Europäescher Unioun op 4 Joer ernannt ginn. Hien huet säi Sëtz zu Bréissel. D'lëtzebuerger Membere sinn: Simone Beissel, Agnès Durdu, Albert Lentz, Paul-Henri Meyers, Etienne Schneider a Romain Schneider (Stand: November 2005).

D'Europäesch Kommissioun an de Conseil mussen de Comité vun de Regioune consultéieren, wann et ëm legislativ Propositioune geet, déi fir d'Regioune relevant sinn. Dorënner falen d'Educatioun, d'Kultur, d'ëffentlech Gesondheet, d'Trans-europäesch Netzer an d'Cohesiouns- a Strukturfongen (also deen Deel vum EU-Budget, mat deem an deene méi aarme Géigende Bau- oder soss Projeten ënnerstëtzt ginn). De Comité kann och vu sech aus Resolutiounen unhuelen.

Intern organiséiert e sech a 6 Commissiounen, déi den Themen no Projeten vun den Avisen oder de Resolutiounen ausschaffen, déi da vun allen ofgestëmmt ginn.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Flag of Europe.svg Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen