Commission de surveillance du secteur financier

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Commission de surveillance
du secteur financier (CSSF)
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 01.01.1999
Sëtz 283, Route d'Arlon
L-1150 Lëtzebuerg
Leedung Maureen Wiwinius (Presidentin vum Conseil)
Claude Marx (Generaldirekter)
Branche Bankenopsiicht
Homepage www.cssf.lu

D'Commission de surveillance du secteur financier, gekierzt CSSF, ass d'Bankenopsiicht zu Lëtzebuerg. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt Organ, dat zu Lëtzebuerg als Bankenopsiicht funktionéiert huet, war de Commissaire au contrôle des banques, deen 1945 geschaaft gouf[1]. 1983 si seng Aufgabe vum Institut monétaire iwwerholl ginn, deen dunn nei gegrënnt gi war[2].

Mam Gesetz vum 1998[3] gouf du schlussendlech déi haiteg Kommissioun gegrënnt, déi zanter dem 1. Januar 1999 funktionéiert.

Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

D'Kommissioun ass huet d'Opsiicht iwwer déi professionell Acteuren a Produkter op der lëtzebuergescher Finanzplaz. Si iwwerwaacht, reegelt, autoriséiert, informéiert a mécht - wann néideg - Kontrollen a stellt Sanktiounen aus. Si ass doriwwer eraus beoptraagt fir fir déi néideg Transparenz, Einfachheet a Fairness um Finanzmarché ze suergen. Se kuckt, datt déi legal Basis iwwer d'Protektioun vun der Finanzclientèle agehale gëtt a suergt fir d'Bekämpfung vun der Geldwäsch an d'Finanzéierung vum Terrorismus.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Conseil stellt de Budget vun der CSSF op, kontrolléiert an approuvéiert hir Konten an de Finanzrapport. Se gëtt och d'Richtung fir déi allgemeng Politik vun der Kommissioun un a stellt d'Investitiounsprogrammer vun der Kommissioun op. D'Direktioun ass déi iewescht Exekutiv vun der CSSF a besteet aus engem Generaldirekter a véier Direkteren. Si trefft all Moossnamen an Entscheedunge fir d'Aufgabe vun der CSSF erfëllen ze kënnen.

Direktioun vun der CSSF
Period Generaldirekter
1998-2009 Jean-Nicolas Schaus
2009-2016 Jean Guill
Zanter dem 05.02.2016 Claude Marx

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 17 octobre 1945 relatif au contrôle bancaire. legilux.public.lu (17.10.1945). Gekuckt de(n) 14.09.2020.
  2. Loi du 20 mai 1983 portant création d'un Institut Monétaire Luxembourgeois. legilux.public.lu (20.05.1983). Gekuckt de(n) 14.09.2020.
  3. Loi du 23 décembre 1998 portant création d'une commission de surveillance du secteur financier. legilux.public.lu (23.12.1998). Gekuckt de(n) 14.09.2020.