Commission nationale pour la protection des données

Vu Wikipedia
Commission nationale pour la protection
des données (Dateschutzkommissioun)
De Siège vun der CNP um Belval
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 02.08.2002
Sëtz 15 Boulevard du Jazz
L-4370 Bieles
Leedung Tine Larsen (Presidentin)
Branche Dateschutz
Homepage www.cnpd.lu

D'Commission nationale pour la protection des données (gekierzt CNPD), iwwersat Dateschutzkommissioun, ass en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg, deem seng Roll et ass, d'Gesetzméissegkeet vun der Beaarbechtung vu perséinlechen Donnéeën z'iwwerwaachen an d'Anhale vun de Grondfräiheeten a –rechter a Bezuch op perséinlech Donnéeë sécherzestellen.

D'Kommissioun ass berechtegt, Plainten an Ufroe fir Iwwerpréiwungen unzehuelen an hinnen nozegoen. Eng weider Roll ass, d'Regierung ze beroden. Do dernieft muss d'CNPD dofir suergen, datt d'Dispositioune vum Gesetz vum 30. Mee 2005 am Beräich vun der elektronescher Kommunikatioun agehale ginn[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'CNPD gouf duerch e Gesetz vum 2. August 2002 an d'Liewe geruff[2]. Dat huet dat aalt Dateschutzgesetz vun 1979 ofgeschaaft[3] an d'Europäesch Direktiv 95/46/CE an nationaalt Recht ëmgesat.

D'Kommissioun huet hir Aarbecht am November 2002 ugefaangen. Hire Sëtz ass op Belval an der Gemeng Suessem.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Kommissioun besteet aus dräi Memberen déi vum Regierungsrot proposéiert a vum Grand-Duc fir eng Period vu sechs Joer genannt ginn. D'Mandat ka just eng Kéier erneiert ginn. De President gëtt vum Grand-Duc designéiert. Ee Member muss e Jurist an en aneren en Informatiker sinn.

CNPD
Period President
2002-31.10.2014 Gérard Lommel
01.11.2014-31.10.2020 Tine Larsen

De Gérard Lommel war den éischte President vun der CNPD an nodeem säi Mandat 2008 ëm weider sechs Joer verlängert gi war, gouf et 2014 net erneiert, ma de Regierungsrot huet hien an der Sëtzung vum 22. Oktober 2014 zum Commissaire à la protection des banques de données ernannt. Déi Plaz ënnersteet dem Staatsminister a gouf an der selwechter Sëtzung kreéiert[4].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 30 mai 2005 concernant la protection de la vie privée dans le secteur des communications électroniques. legilux.public.lu (30.05.2005). Gekuckt de(n) 14.09.2020.
  2. Loi du 2 août 2002 relative à la protection des personnes à l'égard du traitement des données à caractère personnel. legilux.public.lu (02.08.2002). Gekuckt de(n) 14.09.2020.
  3. Loi du 31 mars 1979 réglementant l'utilisation des données nominatives dans les traitements informatiques. legilux.public.lu (31.03.1979). Gekuckt de(n) 14.09.2020.
  4. Archivéiert Versioun (8. November 2014) vum Communiqué vum Staatsministère / SIP (ganz ënnen op der Säit. www.webcitation.org (08.11.2014) Archivéiert op 2021-06-16. Gekuckt de(n) 14.09.2020.