Commonwealthgraf

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Commonwealth-Graf)
Plack um Kierfecht vu La Cassine

Als Commonwealthgraf ginn déi Kierfechter bezeechent op deenen Zaldoten aus de Länner vum Commonwealth begruewe leien.

Am Géigesaz zu den Amerikaner déi hir doudeg Zaldoten entweeder rapatriéiert, oder op amerikaneschen Zaldotekierfechter an Europa begruewen hunn, hunn d'Länner vum Commonwealth déi am Éischten an am Zweete Weltkrich bedeelegt waren, dacks decidéiert hir Zaldoten op de jeeweilege Gemengekierfechter ze loossen. Et handelt sech dobäi haaptsächlech ëm Fliegerbesatzungen déi iwwer Frankräich, der Belsch, oder Lëtzebuerg, erofgeschoss goufen, an entweeder vun den Däitschen, meeschtens awer vun der lokaler Bevëlkerung um Kierfecht vun der Uertschaft bäigesat goufen.

D'Kierfechter op deene sou Zaldote begruewe leien hu meeschtens op der Kierfechtsmauer zur Stroossesäit ee Schëld mat der Opschrëft Tombe de Guerre Commonwealth / Commonwealth War Grave.

Et gëtt awer och nach eng Parti Kierfechter vum Commonwealth op deenen nëmmen Zaldote begruewe sinn, wéi z. B. den Zaldotekierfecht vun Hotton.

Commonwealthgriewer zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Déi dräi Griewer zu Kierchen.
Um Kierfecht zu Hollerech

Commonwealthgriewer an der Belsch[änneren | Quelltext änneren]

Desnié, Griewer vun Zaldote vum Royal Berkshire Regiment.

Commonwealthgriewer a Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Commonwealthgriewer – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Commonwealthkierfechter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]