Communauté européenne du charbon et de l'acier

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eck vum Spuerkeessegebai op der Metzer-Plaz mat (riets) der Plack zur Erënnerung un d'CECA-Sëtzungen.
Detail vun der Plack.

D'Communauté européenne du charbon et de l'acier, kuerz: als CECA, Schumanplang oder Montanunioun bezeechent, ass déi éischt europäesch Communautéit.

Si gouf den 18. Abrëll 1951 zu Paräis vun Däitschland, Frankräich, Italien, Holland, der Belsch a Lëtzebuerg gegrënnt.

Si geet zréck op d'Iddi vum Jean Monnet a Robert Schuman, déi doduerch de Fridden an Europa séchere wollten, andeems datt Frankräich, Däitschland, an aner Länner déi wollten, hir Produktioun vu Kuel a Stol sollten zesummeleeën (kuckt dozou: Schuman-Deklaratioun).

D'Héich Autoritéit, d'Exekutivorgan vun der CECA, hat hire Sëtz zu Lëtzebuerg, op der Metzer Plaz. Do huet se den 10. August 1952 hir Aarbecht opgeholl.

Opgrond vum CECA-Traité ass de Gemeinsame Stolmaart den 1. Mee 1953 opgaangen an den Éischten Europäesche Stol gouf dunn zu Esch-Uelzecht gegoss.

1957 gouf d'CECA, zesumme mat der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft an der Europäescher Gemeinschaft fir Atomenergie, zu den Europäesche Communautéiten zesummegefaasst, déi spéider, mam Traité iwwer d'Europäesch Unioun (och bekannt als Vertrag vu Maastricht), an d'Europäesch Unioun iwwergoungen.

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng etlech Stroossen, déi no der CECA benannt sinn.

Institutioune vun der CECA[änneren | Quelltext änneren]

Opgrond vum CECA-Vertrag goufe folgend Institutioune geschaf:

Wéi d'Europäesch Verträg fusionéiert goufen, huet d'Europäesch Kommissioun d'Aufgabe vun der Haute Autorité iwwerholl. Aus der Europäescher Konsultiver Versammlung, déi spéider Assemblée parlementaire européenne geheescht huet an deene hir Memberen nach vun den nationale Parlamenter bestëmmt goufen, ass dat fräigewielten Europäescht Parlament ervirgaangen.

De Vertrag vun der CECA ass den 23. Juli 2002 ofgelaf an net méi erneiert ginn. Seng Funktioune goufe vum Traité iwwer d'Europäesch Unioun iwwerholl.

D'Missioun vun der Héijer Autoritéit war et, fir supranational Entscheedungen ze treffen, jee nodeem onmëttelbar, oder no Unhéierung vum Comité Consultatif oder/an dem Ministerrot. A gewësse Fäll war d'Zoustëmmung vum Ministerrot erfuerdert. D'Entscheedungsgewalt am Stol-, Kuelen- an am Äerzberäich ass domat de 6 Grënnerstaate vun der CECA entzunn an op d'Héich Autoritéit vun der CECA iwwerdroe ginn.

Déi éischt Membere vun der Haute Autorité[änneren | Quelltext änneren]

D'Nominatioun vun de Membere vun der Héijer Autoritéit huet deemools eng hefteg Diskussioun, an déi och d'Arbed verwéckelt war, ausgeléist. Et goung ënner anerem drëm, wéi een Afloss d'Patronat an d'Gewerkschaften am zukënftegen Exekutivorgan vun der Montanunioun sollten hunn, wéi de Bäitrag Sturm im Wasserglas et beweist. Schliisslech hu sech d'Regierungen op déi folgend Kompositioun gëeenegt:

Presidente vun der Héijer Autoritéit[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Bäitrag zur Schafung vum Schumanplang[änneren | Quelltext änneren]

De Verzicht op d'Ausübung vun nationale Souveränitéitsrechter am Beräich vun der Schwéierindustrie hat fir Lëtzebuerg déi gréisst Konsequenzen. Keen anert vun de sechs Grënnerlänner huet eng Industrie der Héijer Autoritéit ënnerstallt, déi zu 24 % oder méi zu sengem Bruttoinlandsprodukt (BIP) bäigedroen huet.

Eng Rei vu Lëtzebuerger a Persoune vu Lëtzebuerger Ofstamung hunn, ausser dem Robert Schuman, dem Joseph Bech an dem Albert Wehrer, vill zum Erfolleg vum Schumanplang bäigedroen. Et sinn:

D'Sëtzfro vun den Europäesche Communautéiten[änneren | Quelltext änneren]

D'Fro, wou d'Communautéiten hire Sëtz sollten hunn, huet 40 Joer bis zu enger Léisung gebraucht.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sëtz (Europäesch Institutiounen) Nuvola apps xmag.png

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: European Coal and Steel Community – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]